Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
![Francine Closener](/legacy/images/35405/image-thumb__35405__base_thumbnail/Francine%20Closener%281%29.a07dc77a.jpg)
Francine Closener
Mir froen déi nei LSAP-Deputéiert wéi eng Schwéierpunkten si an der Chamber wëllt setzen.
Romain Hoffmann
Mir froen de President vum Groupement Pétrolier op seng Branche d'Klimaschutzpolitik vun der Regierung iwwerlieft.
![Dan Kersch](/legacy/images/35252/image-thumb__35252__base_thumbnail/Dan%20Kersch%281%29.07b4caca.jpg)
Dan Kersch
![Jacques Vandivinit](/legacy/images/23135/image-thumb__23135__base_thumbnail/Jacques%20Vandivinit.713e5ed2.jpg)
Jacques Vandivinit
Mir froen den neien Direkter vum Fonds du Logement, wéi hien nees wëllt Rou an de Betrib kréien.
Marianne Welter
Mir froen d'Presidentin vum Groupement Transport, op hire Secteur an Zäite vum Klimaschutz eng Zukunft huet.
Raymond Aendekerk a René Winkin
Mir froen den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg an den Direkter vun der FEDIL wat si vun der Regierung hirem Klimaplang halen.
Jean Schoos
Nom Récktrëtt vun der Sylvie Mischel froe mir de Parteipresident, wéi wäit ADR-Politiker mat hiren Aussoe kenne goen.
![Nora Back](/legacy/images/20087/image-thumb__20087__base_thumbnail/Nora%20Back.718c38ac.jpg)