Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E17 Mir scheiteren ëmmer nach: Anouk Faber an Florence Sunnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Claudia Monti an Erny Gillen

Mir froen d'Ombudsfra an den Ethik-Expert, wéi si d'Regierung um Wee aus dem Confinement wëlle beroden.

Nicolas Buck

Mir froen de President vun der Union des Entreprises op d'Finanzhëllefe vun der Regierung duergi fir all d'Betriber iwwer Waasser ze halen.

Gilles Feith

Mir froen de Responsabele vun der Logistik an der Cellule de Crise, wéini Är Schutzmasken ukommen.

Martine Hansen

Mir froen d'Fraktiounscheffin vun der CSV op d'Exit-Strategie vun der Regierung wäit genuch geet.

Corinne Cahen

Wat bedeit de Virus fir d'Liewen an Alters- a Fleegeheimer? A wéi konkret sinn d'Regierungspläng fir eng Exit-Strategie? Froen un d'Familljeministerin.

Dr. Thérèse Staub

E Gespréich mat der Presidentin vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses iwwer d'Corona-Pandemie a wéi een domat emgoe kann / soll.
headphones

18 min

play_arrow
Dr. Philippe Wilmes

Dr. Philippe Wilmes

De Vize-President vun der Doktesch- a Zänndoktesch-Associatioun AMMD iwwer déi jee no Spezialiséierung ganz ënnerschiddlech Erausfuerderungen u säi Beruffsstand.
headphones

18 min

play_arrow

Dr. Serge Meyer

E Gespréich mam Responsabele vum Krisestab am Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM)
headphones

18 min

play_arrow

Pierre Gramegna

Mir froen de Finanzminister, wéini de Staatsbudget an dëser Kris u seng Grenze stéisst.

Marie-Josée Jacobs

Mir froen d'Presidentin vun der Caritas, wat an dëser Kris fir déi Leit gemaach gëtt, déi et an eiser Gesellschaft souwisou méi schwéier hunn.

Emile Eicher

Mir froen de President vum Gemengesyndikat Syvicol, wéi eng Roll d'Gemengen an dëser Kris spillen.

Nicolas Schmit

"Jiddweree fir sech" - sou erliewe vill Leit d'EU an der Corona-Kris. Wou bleift d'Solidaritéit? Dat froe mir de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Soziales a fir den Emploi.

Nora Back

D'Presidentin vum OGBL am Gespréich.

Paul Wilmes

De Chercheur vun der uni.lu spillt eng Haaptroll an der Task force, déi d'Regierung an der aktueller Kris wëssenschaftlech beréit.
Sam Tanson

Sam Tanson

D'Justiz- a Kulturministesch iwwer Corona-bedéngt Oprou (am Prisong) a Suergen (an der Kulturzeen)

Marc Fischbach

Corona stellt de ganze Secteur vun der Fleeg a Betreiung vun eelere Leit, doheem oder an Institutiounen, viru gewalteg Erausfuerderungen. Dozou de President vun der COPAS.
Robert Goebbels

Robert Goebbels

Ee vun de Signatairë vum Schengen-Accord iwwer 25 Joer oppe Grenzen an Europa, déi ausgerechent ëm dee ronne Joresdag op ville Plazen zougemaach goufen.
headphones

14 min

play_arrow
Marc Stein

Marc Stein

De President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) iwwer déi psychesch Niewewierkungen vun der Corona-Kris a wéi ee sech dogéint hëllefe loosse kann.
headphones

16 min

play_arrow

Dan Kersch

Mir froen den Aarbechtsminister mat wéi vill Congé Partiellen hie wéinst dem Coronavirus rechent.
headphones

18 min

play_arrow
Patrick Arendt a Raoul Scholtes

Patrick Arendt a Raoul Scholtes

Mir froen d'Vertrieder vun den Enseignantsgewerkschaften SEW an Féduse, wéi gutt d'Schoul vun doheem aus bis elo fonktionnéiert.
headphones

19 min

play_arrow