Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Ferdy Adam
Wéi schlëmm gëtt d'Wirtschaftskris, déi no der sanitärer Kris kënnt? Dat froe mir de Ferdy Adam vum Statec.
Gilbert Pregno
E Gespréich mam President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun iwwer dee (kriteschen) CCDH-Avis zum Covid-19-Gesetz.
Karine Reuter
Déi nei Presidentin vun der Lëtzebuerger Football Ligue (LFL) iwwer d'Relatioune vun den Veräiner aus der BGL-Ligue mat der Federatioun (FLF)
Marc Lauer
Wéi huet den Assurancë-Secteur d'Covid-Kris iwwerstanen? Dat a méi froe mir den neie President vum Assurancë-Verband ACA.
Taina Bofferding
E Gespréich mat der Ministerin fir bannenzeg Affären a fir Gläichheet tëschent Fraen a Männer iwwer aktuell Theemen aus béide Ressorten.
![Antónia Ganeto](/legacy/images/20189/image-thumb__20189__base_thumbnail/Ant%C3%B3nia%20Ganeto.8faacc76.jpg)
Antónia Ganeto
Virun der Solidaritéits-Maniff fir de Georges Floyd virun der US-Ambassade: e Gespréich iwwer Rassismus géint Leit mat schwaarzer Hautfaarf zu Lëtzebuerg.
Patrick Dury
Den Nationalpresident vum LCGB iwwer Krisemesüren, Sozialdialog, Télétravail an aner Themen.
Marc Fischbach
Mir froen de President vum Daachverband COPAS, wéi den Déconfinement fir d'Leit an den Altersheemer ausgesäit.
Jean-Lou Siweck
Mir froen de neie President vum Presserot, op all d'Lëtzebuerger Medien et duerch déi aktuell Kris packen.
Paul Wilmes
Mir froen de Mikrobiolog vu Research Luxembourg, firwat elo méiglechst vill Leit op de Coronavirus solle getest ginn.
Camille Thommes
Mir froen den Direkter vun der Fongenassociatioun ALFI, wéi d'Corona-Kris sech op seng Branche auswierkt.
Laetitia Huiart
Zanter dem Depart vum Pierre Weicherding leet d'Epidemiologin aus dem LIH d'Inspection sanitaire, déi fir de Contact Tracing vu Covid-19-Infizéierten zoustänneg ass.
Gast Gibéryen
Den ADR-Deputéierten iwwer Oppositiounspolitik am Etat de crise, Covid-Gesetz(er), en deieren Äerdobservatiouns-Satellit a Polizisten ouni Lëtzebuerger Pass.
François Koepp
D'Gastronomie waart ongedëlleg drop, no der Corona-Zwangspaus nees urappen ze däerfen: e Gespréich mam Generalsekretär vun der HORESCA.
![Dr. Fernand Pauly](/legacy/images/31703/image-thumb__31703__base_thumbnail/Dr%20Fernand%20Pauly.24471214.jpg)
Dr. Fernand Pauly
Dräi Deeg ier d'Grondschoul nees ugeet, reagéiert de Porte-parole vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren op Bedenken a Suerge vun Elteren an Enseignanten.
Marc Baum
Mir froen den Deputéierten vun déi Lenk, wat de beschte Wee ass fir aus dem Etat de crise erauszekommen.
Roland Kuhn
Mir froen de President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen, wéi gutt d'Reprise a sengem Secteur fonctionéiert huet.
![Alain Massen](/legacy/images/31487/image-thumb__31487__base_thumbnail/Alain%20Massen.3fabe5a8.jpg)
Alain Massen
Mir froen de President vun der nationaler Elterevertriedung, op hien zefridden ass mat de Sécherheetsmesurë fir d'Rentrée am Fondamental.
Paul Helminger
Wéi laang kann d'Cargolux vun der aktueller Kris profitéieren? Dat froe mir de President vun der Cargo-Airline.
![Blanche Weber](/legacy/images/1024/image-thumb__1024__base_thumbnail/Blanche%20Weber.779508f7.jpg)