Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Charel Goerens
Wéi kann am Afghanistan elo Schlëmmeres verhënnert ginn? Dat froe mir den DP-Politiker, deen Defense-Minister war, wéi déi Lëtzebuerger Zaldoten an den Afghanistan geflu sinn.
Mark Cole
RT DE kritt zu Lëtzebuerg keng Autorisatioun fir een däitschsproochegen Tëleesprogramm ze diffuséieren. Wat seet dozou de Professer fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg?
![Emile Eicher](/legacy/images/21092/image-thumb__21092__base_thumbnail/Emile%20Eicher.f829e163.jpg)
Emile Eicher
Mir froen de President vum Gemengesyndikat Syvicol, wéi eng Léieren aus dem Héichwaasser virun engem Mount kënne gezu ginn.
Paul Polfer
Wéi reagéiert d'Klimabündnis Lëtzebuerg op deen neie Rapport vum Weltklimarot (IPCC)?
![Antoine Paccoud](/legacy/images/25643/image-thumb__25643__base_thumbnail/Antoine%20Paccoud.566df098.jpg)
Antoine Paccoud
Et feelt u Logementer, mee net u Bauland zu Lëtzebuerg - seet de Sozialgeograph, deen am LISER iwwer déi Thematik fuerscht.
Andrew Ferrone
E Gespréich mam Lëtzebuerger Vertrieder am Weltklimarot iwwer d'Erkenntnisser vum neien IPCC-Rapport, dee gëschter virgestallt gouf.
Charel Grethen
Mir froen de Lëtzebuerger Mëttelstreckeleefer, wéi eng Ziler hie sech no senger gudder Performance bei Olympia setzt.
Jean-Paul Lickes
Mir froen den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, wéi eng Léieren aus dem Héichwaasser vu Mëtt Juli kënne gezu ginn.
Danielle Koob
Mir froen d'Presidentin vun der Associatioun vun den Aide-Soignantë firwat hire Beruffsstand sech lénks léie gelooss fillt.
Bob Bertemes
Mir froen de Lëtzebuerger Bommstousser, firwat hien zu Tokio hanner den Erwaardunge bliwwen ass.
![Pascal Ricquier](/legacy/images/28796/image-thumb__28796__base_thumbnail/Pascal%20Ricquier%281%29.a2726fc9.jpg)
Pascal Ricquier
Mir froen de President vun der Policegewerkschaft SNPGL op d'Lëtzebuerger Poliziste gutt genuch op geféierlech Asätz virbereet ginn.
Lucienne Thommes
Wéi vill hu Kriibspatienten ënner der Corona-Kris gelidden? Dat froe mir d'Direktesch vun der Fondation Cancer.
Marianne Bausch
Zanter iwwer dräi Joer muss d'Kierch mat eegene Moyene finanziell iwwer d'Ronne kommen. Mir froen déi nei Presidentin vum Kierchefong, wéi gutt dat klappt.
Sebastian Reddeker
Mir froen den Direkter vu Luxembourg for Tourism, ob och dëst Joer nach vill Leit hei am Land Vakanz maachen.
Christine Majerus
Direkt no hirer leschter Competitioun zéie mir mat der eenzeger Lëtzebuerger Cyclistin bei Olympia live vun Tokio en éischte perséinleche Bilan vun de Spiller.
René Winkin
Bis 2030 sollen d'Zäregas-Emissiounen an der EU 55 % méi niddereg si wéi 2005. Mir froen den Direkter vun der Lëtzebuerger Industriellefederatioun op säi Secteur dat kann erreechen.
Marc Hengen
Mir froen den Direktiounsbeoptraagte vun der Associatioun vun den Assurancen, wéi säi Secteur wëllt domat ëmgoen, wann et méi heefeg zu Naturkatastrophe kënnt.
Gaston Reinesch
Mam President vun der Lëtzebuerger Zentralbank geet ë.a. rieds iwwer dat nei-formuléiert Inflatiounszil vun der Europäescher Zentralbank an iwwer den digitalen Euro.
![Dr. Philippe Turk](/legacy/images/1132/image-thumb__1132__base_thumbnail/Dr.4fa37dc7.jpg)