Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
![Maurice Deville](/legacy/images/79246/image-thumb__79246__base_thumbnail/Maurice%20Deville.422c80e8.jpg)
Maurice Deville
No 15 Joer an Däitschland kënnt de Fussball-Nationalspiller zeréck bei de Swift Hesper, dee Veräin, fir deen hie schonn als Kand gespillt huet.
Nicolas Zharov
Haut virun 31 Joer huet d'Ukrain hir Onofhängegkeet erkläert, viru sechs Méint gouf se vu Russland iwwerfall. Op deem symboleschen Dag: e Gespréich mam President vun LUkraine
Jean-Louis Zeien
De Co-Coordinateur vun Initiative pour un devoir de vigilance iergert sech, dass et nach ëmmer kee Liwwerkettegesetz zu Lëtzebuerg gëtt.
![Nicole Ikuku](/legacy/images/78898/image-thumb__78898__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Nicole%20Ikuku.51d66577.jpg)
Nicole Ikuku
Lëtzebuerg investéiert verstäerkt an akut Krisenhëllef. Kënnt déi laangfristeg Entwécklungshëllef doduerch ze kuerz? Dat froe mir d'Direktesch vum Cercle de Coopération.
![Serge Wilmes](/legacy/images/79255/image-thumb__79255__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Serge%20Wilmes.c9cdbb46.jpg)
Serge Wilmes
Kann een de Glacis méi gréng maachen, ouni datt d'Schueberfouer drënner leit? Déi Fro stelle mir dem zoustännege Stater Schäffe vun der CSV.
![Ana Pinto](/legacy/images/79114/image-thumb__79114__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Ana%20Pinto.f297f31e.jpg)
Ana Pinto
Eis Invitée vun haut huet selwer Mëssbrauch erlieft, a si huet elo eng Organisatioun gegrënnt fir aner Iwwerliewender ze ënnerstëtzen. Wéi wëllt si dat maachen?
![Stefan Maas](/legacy/images/78907/image-thumb__78907__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Stefan%20Maas.a78732a4.jpg)
Stefan Maas
Wéi eng Roll kann de Waasserstoff bei der Ëmstellung op erneierbar Energien spillen? Mir froen den Expert vun der Uni Lëtzebuerg.
![Michael Feit](/legacy/images/78826/image-thumb__78826__base_thumbnail/Michael%20Feit%281%29.89d8a4aa.jpg)
Michael Feit
Zanter engem Joer sinn Taliban am Afghanistan nees un der Muecht. Mir froe beim Responsabele vun der Caritas no, wat dat fir d'Leit op der Plaz heescht.
![Christine Majerus](/legacy/images/25472/image-thumb__25472__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Christine%20Majerus.cb758f3b.jpg)
Christine Majerus
Beim Tour de France Femmes war si mat Chutte geplot, mee mat wéi engen Erwaardungen geet d'Cyclistin elo an d'European Championships zu München?
Marc Widong
De Kierchbierg gëllt net als besonnesch grénge Quartier. Mir froen den Direkter vum Fonds du Kierchberg, ob een dat nach kann änneren.
![Serge Allegrezza](/legacy/images/25304/image-thumb__25304__base_thumbnail/Serge%20Allegrezza.bac66b5c.jpg)
Serge Allegrezza
D'Regierung baséiert sech op Zuele vum Statec fir ze decidéieren, ob d'Stéit nach eng Kéier entlaascht ginn. Mee kann ee sech op déi Zuele verloossen? Mir froen de Statec-Direkter.
Martine Neuberg
Zanter Jore gëtt virdru gewarnt, datt d'Bëscher ënner den héijen Temperature leiden. Mir froen d'Cheffin vun der Forstverwaltung, wéi schlëmm d'Situatioun ass.
![Pascale Junker](/legacy/images/25148/image-thumb__25148__base_thumbnail/Pascale%20Junker.75a72e4c.jpg)
Pascale Junker
De Grupp Luxembourg Stratégie vum Wirtschaftsministère probéiert virauszesoen, wéi Lëtzebuerg sech bis 2050 entwéckelt. Bréngt dat eppes? Mir froen d'Direktesch vum Grupp.
![Georges Eischen](/legacy/images/24935/image-thumb__24935__base_thumbnail/Georges%20Eischen.3f3cff4c.jpg)
Georges Eischen
Net just d'Energie, mee och d'Liewensmëttele sinn an de leschte Méint méi deier ginn. Ass dat gutt oder schlecht fir d'Supermarchéen? Mir froen de President vum Branchëverband FLAD.
![Luca Mathias](/legacy/images/78505/image-thumb__78505__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Luca%20Mahtias.cb2aba9e.jpg)
Luca Mathias
Mir froen de Meteolux-Expert, wéi waarm et haut gëtt, a wéi exakt esou Previsioune sinn.
![Audrey Feyder](/legacy/images/78376/image-thumb__78376__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Audrey%20Feyder.1c2cbdea.jpg)
Audrey Feyder
D'Temperature solle muer nees iwwer 30 Grad klammen. Wéi ginn d'Baueren domat ëm? Dat froe mir d'Beroderin vun der Baueregenossenschaft Convis.
![Fabricio Costa](/legacy/images/78298/image-thumb__78298__base_thumbnail/IVD-Standbild%20-%20Fabricio%20Costa.bcbe92a2.jpg)