Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Lynn Zoenen
Wéi eng economesch Konsequenze fir Lëtzebuerg hätt e "Brexit"? Doriwwer geet Rieds mat der Economistin vun der Chambre de Commerce.
Henri Kox
Den Deputéierte vun déi Gréng iwwert d'Entrevue vun 80 Gemenge mam EU-Parlamentspresident: hir Fuederung ass d'Fermeture vun der Atomzentral Tihange.
Foni Le Brun
Wat fir e Stellewäert huet d'Archeologie zu Lëtzebuerg? De Chargé de direction vum "Centre national de recherche archéologique" erkläert.
Michel Simonis
Mam Generaldirekter vum Roude Kräiz geet et ëm Aarmut, Flüchtlingen an Auslandsasätz.
Luc Holtz
De Lëtzebuerger Nationaltrainer schwätzt iwwert seng Favoritte bei der EM an iwwert d'Zukunft vum jonken Talent Vincent Thill.
Claude Wiseler & Alex Bodry
D'Fraktiounscheffen vun der CSV an der LSAP diskutéieren iwwert de Fräihandelsaccord CETA an iwwert politesch Sondagen.
Laura Zuccoli
D'Begleedung vu Flüchtlingen an d'Plaz vun den Net-Lëtzebuerger an der Gesellschaft sinn d'Thema mat der ASTI-Presidentin.

Michel Reckinger
Mam President vun der Handwierkerfederatioun geet Rieds iwwert d'Beruffausbildung an d'Zukunft vun den Handwierksberuffer.
Romain Schneider
Wéi positionéiert sech d'Regierung am Konflikt am Gesondheets- a Sozialsecteur? De Sozialminister Romain Schneider am Gespréich.
Laurent Heisten
Mam Spriecher vun "Déi Liberal" geet Rieds vu rezente Positiounen a vum Bilan - ee Joer no der Grënnung - vun där politescher Bewegung.
Claude Meisch
Virun der grousser Vakanz mussen eng Rei Edukatiounsprojeten duerch d'Chamber, fir an der Rentrée a Kraaft ze trieden. Doriwwer geet mam Edukatiounsminister Rieds.
John Santurbano
Mam Direkter vun der ANA, der "Administration nationale de l'aviation" geet e.a. riets iwwert d'Iwwerwaachung vum Lëtzebuerger Fluchraum.

Eugène Berger
Fir de Staatstrojaner wäert et kee gesetzleche Kader ginn, mengt den DP-Fraktiounschef.
François Jacobs
Mam Vizepresident vun der Jeeërfederatioun geet riets iwwert d'Juegd, Waffen an d'Relatioun mat der Politik.
Judith Reicherzer
Wat fir en Ëmgang hu Jonker haut mat Medien? Dozou méi am Gespréich mat der fréierer Journalistin a Mediepedagogin aus dem LAML.
Serge de Cillia
D'Entwécklung vun der lëtzebuerger Finanzplaz gëtt diskutéiert mam Direkter vun der Banken - a Banquiersassociatioun ABBL.
Etienne Schneider
Exklusiv-Interview zu New York mam Wirtschaftsminister a Vizepremier Etienne Schneider.
Ralph Waltmans
Esch an d'Südgemenge wëlle Kulturhaaptstad 2022 ginn
Wahlen an Éisträich
Déi zwee Europadeputéiert Fränk Engel (CSV-EVP) a Charel Goerens (DP-ALDE) kommentéieren d’Presidentschaftswahlen an Éisträich.
