Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Sandra Kubaj
Déi Responsabel vun der HIV-Berodung iwwert d'Schwieregkeeten, fir och déi ze sensibiliséieren, déi entweder ausgeschloss sinn oder déi sech net ugesprach fillen.
Gilles Roth (CSV)
Den CSV Deputéierten ass Co-Auteur vun enger Rei rezente parlamentaresche Froen iwwert d'Zukunft vun de Kierchefabricken.
André Hoffmann (COSL)
De Budget fir de Sport stagnéiert d'nächst Joer. Am Avis zum Budget 2017 freet de COSL méi Moyenen. De President vum COSL erkläert.
![Sammy Wagner (LSAP)](/legacy/images/22070/image-thumb__22070__base_thumbnail/Sammy%20Wagner.6ce80666.jpg)
Sammy Wagner (LSAP)
Partei-intern Kritik un der LSAP-Campagne "Madame on Tour". Mat Klischeeë wéilt ee Frae fir Politik mobiliséieren, seet den LSAP-Member.
Martina Holbach
Wat fir eng Konklusioune mussen aus der Etude iwwert den Tanktourismus gezu ginn? Dozou de Standpunkt vu Greenpeace.
![Luc Wildanger](/legacy/images/20888/image-thumb__20888__base_thumbnail/Luc%20Wildanger.7a8c937d.jpg)
Luc Wildanger
De President vun der Associatioun vun de Chargéeën am Enseignement, fuerdert d'Unerkennung vun den Diplomer an der Gehälterstruktur.
Patrick Nickels (SNCI)
D'Kreditbank vum Staat investéiert aktuell a grouss Projete vun der Regierung. Mam President vum Verwaltungsrot geet Rieds iwwert d'Missioune vun der SNCI.
René Schlechter
De President vum "Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand" zitt Bilan vun der Inclusioun vu Kanner mat enger Behënnerung a Léierschwieregkeeten.
![Dietmar Mirkes (ASTM)](/legacy/images/40460/image-thumb__40460__base_thumbnail/Dietmar%20Mirkes.582464d5.jpg)
Dietmar Mirkes (ASTM)
D'Weltklimakonferenz an d'ILO-Konventioun iwwert d'Rechter vun indigene Vëlker, sinn Thema mam Klimaexpert vun der Entwécklungs-ONG.
![Erna Hennicot-Schoepges](/legacy/images/29525/image-thumb__29525__base_thumbnail/Erna%20Hennicot-Schoepges.119f16f7.jpg)
Erna Hennicot-Schoepges
De Staatsrot an de MUDAM stinn an de Schlagzeilen. Fréier CSV-Kulturministerin a Member vum Staatsrot Erna Hennicot-Schoepges kommentéiert.
Felix Braz
Mam Justizminister geet et ëm d'Resozialiséierung vu fréiere Prisonéier an ëm d'Problematik vun de Mannerjäregen am Prisong.
Joëlle Elvinger (DP)
Mat der DP-Deputéiert geet Rieds iwwert den ëmstriddenen Avis vum Staatsrot iwwert d'Steierreform, déi den 1. Januar soll a Kraaft trieden.
Francis Delpérée
Mam Verfassungsrechtler geet Rieds iwwert säin Avis zur Conventioun tëscht der Regierung an dem Bistum iwwert d'Trennung tëscht Kierch a Staat.
Etienne Schneider
D'Rifkin Etude iwwert déi "Drëtt industriell Revolutioun fir Lëtzebuerg" läit vir. A wat geschitt elo konkret? Den LSAP-Wirtschaftsminister erkläert.
René Pizzaferri
Uganks 2017 soll dat neit Spidolsgesetz a Kraaft trieden. Wat bedeit dat an Zukunft fir d'Patienten? Erklärunge mam President vun der Patientevertriedung.
Luc Dhamen
Mam Direkter vum Fonds Belval schwätze mir iwwer d'Entwécklung vum Site an d'Kritiken, déi Mëtt dës Joers vu Säite vun der Uni komm sinn.
Jutta Lux-Henneke
Mat der Presidentin vun der Federatioun vun den Elterevereenegungen (FAPEL) geet Rieds iwwer d'Entwécklungen an der Educatiounspolitik.
Philip Crowther
Den 100,7 USA-Korrespondent zum leschte Stand zu den US-Presidentewahlen.
![Yuriko Backes](/legacy/images/43922/image-thumb__43922__base_thumbnail/Yuriko%20Backes%286%29.7444b4cd.jpg)
Yuriko Backes
Wéi begeeschtert een haut fir Europa? Dat ass d'Fro un déi nei Cheffin vun der Representatioun vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg.
![Serge Allegrezza](/legacy/images/43862/image-thumb__43862__base_thumbnail/Serge%20Allegrezza%281%29.cfe3dbb4.jpg)