Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Marianne Donven
D'Matgrënnerin vun der Initiativ Oppent Haus iwwert Refugiéen, déi bei lëtzebuergesch Stéit wunne ginn.
Adrien Wouters
Net nëmmen am Zentrum muss d’Nationalstrooss N7 ausgebaut ginn, mee och am Éislek, fuerdert d’Associatioun Cliärrwer Kanton.
Luc Weis
Wat mécht eng innovativ Schoul aus? A wéi schafft de SCRIPT, deen ënner anerem dofir zoustänneg ass, dorops hin?
Stan Brabant
Mam Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg geet et ëm de Stellewäert vu Mënscherechter weltwäit an zu Lëtzebuerg an ëm déi nei Anti-Terrorbestëmmungen.
Yves Le Pallec
Et kéint bis Ufank d'nächst Woch daueren, bis erëm franséisch Maschinisten um Lëtzebuerger Zuchreseau fueren, sot den Yves Le Pallec am Invité vum Dag.
![Patrick Dury](/legacy/images/34082/image-thumb__34082__base_thumbnail/Patrick%20Dury.bc9310f9.jpg)
Patrick Dury
De Kampf géint de Laangzäitchômage, d'Erhéijung vun der Kafkraaft vu Klengverdénger, d'Wunnengsnout an d'Aarbechtszäit, doriwwer gëtt mam President vum LCGB diskutéiert.
Camille Thommes
Mam Generaldirekter vun der Alfi geet Rieds iwwert d'Fongenindustrie: 2016 war e Rekordjoer. 3741 Milliarden Euro un Nettoaktiva ginn zu Lëtzebuerg geréiert.
Claude Turmes
Dat Europäescht Parlament huet mat grousser Majoritéit de CETA-Accord gestëmmt. Wéi geet et elo weider? De gréngen Europadeputéierten erkläert.
Paul Gries
De President vun der FCPT (Fédération chrétienne du personnel des transport) kommentéiert den Zuchaccident tëscht Beetebuerg a Zoufftgen.
Philippe Poirier
De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg a Co-Auteur vun der Etude "Constitulux" schwätzt iwwert d'Biergerbedeelegung am Kader vun der Verfassungsreform.
Alexa Warnier
D'Chargée de Direction vum Fraenhaus "Foyer Sud - Fraen an Nout" schwätzt iwwert häuslech Gewalt an d'Konsequenze fir d'Affer.
Jean-Michel Collignon
D'Foireshalen hunn ekonomesch schwiereg Joren hannert sech. Wei geet et viru mat der LuxExpo? Doriwwer geet Rieds mam Direkter Jean-Michel Collignon.
Friedrich Mühlschlegel
De Professer fir Mikrobiologie ass den neien Direkter vum Staatslabo (LNS).
Katy Fox
D'Plattform CELL an d'Netzwierk "Transition Luxembourg" kruten de Präis "Hëllef fir d’Natur". D'Generalcoordinatrice vu CELL erkläert de Projet.
Claude Clemes
D'CSV organiséiert sech virun de Gemengewalen. De President vun de chrëchtlech-soziale Gemengeréit erkläert.
Frank Feitler
Den neie President vun der Abtei Neimënster schwätzt iwwert d'Vilfalt vun de Kulturhaiser an de Suivi vun de "Kulturassisen".
Jan Kalbitzer
Mam Psychiater an Auteur vum Buch "Digitale Paranoia: Online bleiben, ohne den Verstand zu verlieren", iwwert den Impakt vun Internet a Smartphone op eis Gesondheet.
Laurent Federspiel
Detailer iwwert déi strategesch Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Promotiounsagence "Luxinnovation" mam zoustännegen Direkter fir "Cluster".
Yves Cruchten
Mam Generalsekretär vun der LSAP geet Rieds iwwert d'Aktualitéitsthemen: Flüchtlingen, Burkaverbuet a Participatioun an der Partei.
![Frank Wies](/legacy/images/20132/image-thumb__20132__base_thumbnail/Frank%20Wies.a0e8986b.jpg)