arrow_back_ios
Moiesstudio

(Foto: Adobe Stock)
mic_none
Presentéiert vum
- Matthias Kirsch
Episoden

Nei Adress fir de Statec
De Statec plënnert aus der Stad eraus an installéiert sech um Belval an engem ganz neie Gebai mat 9.000 Meter Carré Plaz.

Police rekrutéiert eng weider 200 Leit
Fir 205 nei Stagiairen a verschiddene Karriäre bei der Police ze rekrutéieren, gouf eng nei Rekrutementscampagne an der Police-Schoul um Findel lancéiert.

Haut geet de CinEast-Festival un ...
.... de Filmfestival, bei deem de mëttel- an osteuropäesche Film am Mëttelpunktteet steet: déi 17. Editioun. Mir hunn am Virfeld mam Organisateur geschwat.
Carloh: De Carsharing-System vun der Stad mécht weider Verloschter
Mir froen de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt, wéi et virugeet.

Caritas-Mataarbechter:innen: Ass d'Aarbechtsrecht respektéiert ginn?
Mir froen den Aarbechtsminister Georges Mischo, dee sech bis ewell net zur Iwwernam duerch d'HUT ASBL (Hëllef um Terrain) geäussert huet.

Baby and Me: Kino-Seancë fir Elteren a Beebeeën
Nei Kino-Seancë bidden den Elteren eng Paus vum Alldag. Mee wéi gutt ass dat fir d'Beebeeën?

D'Situatioun am Libanon aus der Vue vun MSF
De Maurice Molitor schwätzt mam Direkter vu Médecins Sans Frontières Lëtzebuerg iwwer d'Defien op humanitärem Plang am Libanon.

Retour op den Hearing mam Julian Assange zu Stroossbuerg
Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten ass Member vun der Justiz-Kommissioun am Europarot a war beim Hearing mam Julian Assange.

Den CSV-Deputéierte Marc Spautz iwwer den Dossier Caritas/HUT
De Maurice Molitor schwätzt mam Marc Spautz iwwer déi rezent Entwécklungen.

Pressekonferenz vun Hëllef um Terrain
Gëschter Owend sinn déi Responsabel vun der Nofollegorganisatioun vun der Caritas virun d'Press getrueden. De President vum HUT-Verwaltungsrot Christian Billon huet dobäi op déi lescht Wochen zeréckgekuckt.
Iranesch Rakéitenattack op Israel
De Xavier Bettel verurteelt souwuel déi iranesch Rakéitenattack op Israel, wéi och déi israeelesch Buedemoffensiv am Südlibanon.

“Gesondheet vu muer”: zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg
An der Luxexpo ass haut a muer (1. an 2.10.) déi zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg. D’Zesummenaarbecht tëschent de Gesondheetsacteuren an der Groussregioun soll gefërdert ginn.

Caritas: Wisou deen Drock op de leschte Stëppel?
11 Wochen nodeems de Finanzbedruch bei der Caritas opgeflunn ass, gouf et déi lescht Deeg nach ëmmer onnéideg Onkloerheete ronderëm d'Zukunft vum Personal an den Aktivitéite vun der ONG. Eng Analys

Den OGBL geet wéinst dem Transfert vun den Aktivitéite bei HUT viru Geriicht
Firwat sinn esou vill Caritas-Mataarbechter bei HUT gewiesselt, a wéi geet et weider? Dat freet de Maurice Molitor den OGBL-Zentralsekretär Smail Suljic.

Julian Assange am Europarot
De Wikileaks-Grënner Julian Assange ass haut zu Stroossbuerg fir eng Ried am Europarot. Et ass déi éischte Kéier, datt den Julian Assange sech viru Publikum äussert zanter e fräigeelooss ginn ass.

Camille Dahm
Réckbléck op d'Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Zürech mam President vun der Vëlosport-Federatioun (FSCL)

Wéi geet et weider am Science Center?
Den Direkter a Grënner Nicolas Didier gouf entlooss: a wat elo? Froen un de President vum Verwaltungsrot Camille Feyder

No de Walen an Éisträich
D'Analys vum Walresultat am Gespréich mam Peter Unger, Chef adjoint vum Ressort Innenpolitik beim Österreichischen Rundfunk ORF

Eng Ex-Piratin gëtt nei LSAP-Conseillère um Knuedler
D'Marie-Marthe Müller wiesselt d'Reien am Stater Gemengerot, dowéinst gëtt d'LSAP vun de Pirate schaarf kritiséiert. D'Reaktioun vum sozialistesche Conseiller Gabriel Boisante
