Radioen

On air

Vue sur mer  |  Ezra Collective - No One's Watching Me Feat. Olivia Dean

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

search / Kannerkëscht

/ De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat

De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat

headphones

29 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Speziell fir d’Kannerradionuecht huet d’Anja Di Bartolomeo iech eng nei Geschicht vun eisem Liblings-Lausbouf Jos mat senger Famill a senge Frënn geschriwwen. De Jos, de Bop an de Loulou hate sech jo e Roboter gebaut, de Roby Robocat, an deen ass bal zu engem Deel vun der Famill ginn. Mee elo, et ass schrecklech, de Roby Robocat ass verschwonnen. Gouf e gekidnappt? Et gouf Léisegeld gefrot.

Déi nei Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo “Léisegeld fir de Roby Robocat” proposéiere mir iech elo als Lauschterstéck.
Dir héiert d’Clara Hertz als Jos, d’Katharina Bintz als Nora, de Max Thommes als Roby Robocat, d’Fabienne Elaine Hollwege als Nona Rosa, de Steve Karier als Bopa Mario, de Jean Claude Majerus als Loulou, d’Kimberly Darcy Mae als Timea an de Philippe Thelen als Erzieler.
D’Tountechnik koum vum Paulo Salgado, d’Musek vum Max Thommes, Opnam, Schnëtt a Regie si vum Martin Engler.
Dat Ganzt ass eng Produktioun vum radio 100,7.
An domat vill Freed beim Nolauschteren!

Episoden

Mir ginn an den Theater!

Mir ginn an den Theater!

De Script proposéiert Iddie fir an den Theater ze goen.
headphones

6 min

play_arrow
Onméiglech Begéignungen: Den Décken an de Klengen

Onméiglech Begéignungen: Den Décken an de Klengen

Erklärungen an eng kleng Anekdot iwwer den Décken, de grousse Waldbison aus Nordamerika, an de Klengen, den afrikaneschen Dikdik.
headphones

6 min

play_arrow
Wat ass speziell un der Luucht am Supermarché?

Wat ass speziell un der Luucht am Supermarché?

Déi spannend Geschicht ronderëm Luuchten an de Butteker
headphones

6 min

play_arrow
Mir gi spadséieren!

Mir gi spadséieren!

Et ginn esou vill schéi Spadséierweeër hei am Land, op kannerzait.lu fannt dir Explikatiounen.
headphones

8 min

play_arrow
't ass nees e Wollef gesi ginn!

't ass nees e Wollef gesi ginn!

Musse mir Mënschen Angscht viru Wëllef hunn, wéi dat dacks a Märercher a Filmer duergestallt gëtt?
headphones

5 min

play_arrow
Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!

Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!

An eisem Experiment weist de Joseph Rodesch, wéi een aus alem Pabeier en neit Blat Pabeier maache kann.
headphones

7 min

play_arrow
Wat kann ee maachen?

Wat kann ee maachen?

Besonnesch a Pandemie-Zäiten mat villen Restriktiounen, weess een dacks net wat maachen, abee de Site Kannerzäit.lu kann do weider hëllefen.
headphones

7 min

play_arrow
E verstengerte Libelleflillek mam Numm Gallodorsetia Kronzi

E verstengerte Libelleflillek mam Numm Gallodorsetia Kronzi

Am natur musée am Stater Gronn ass den Ament eppes enorm Rares ausgestallt, e ganz spezielle Libelleflillek!
headphones

7 min

play_arrow
D'Banneliewen vun enger Käerzeflam

D'Banneliewen vun enger Käerzeflam

Am Experiment vun haut erkläert de Mister Science dem Jean Claude Majerus wat speziell bannen an enger Käerzeflam ass.
headphones

6 min

play_arrow
De Gilles Lacour iwwer de Museksunterrecht

De Gilles Lacour iwwer de Museksunterrecht

Als éischt gitt dir gewuer, wat d'Aarbecht vum Commissaire fir den Enseignement musical ass.
headphones

7 min

play_arrow
Wat sinn Ammoniten?

Wat sinn Ammoniten?

D'Catherine Faber aus dem Naturmusée huet elo am Kannereck déi néideg Explikatiounen zu dëser Fro.
headphones

5 min

play_arrow

Chrëschtdagsgeschicht: "De Mischi muss fort"

Eng Chrëschtdagsgeschicht vun der Anja Di Bartolomeo, bei där de Jong Charel an de Mischi am Mëttelpunkt stinn. Mir wënsche vill Spaass.

Dem Da Vinci seng Biller

Dem Moler, Zeechner an Universalgenie Leonardo Da Vinci seng berüümtste Biller

Ierbessen, e Glas a Waasser

Am Experiment weise mir iech, wat ee mat Ierbessen an engem Glas voll Waasser maache kann.

Weltdag Alphabetiséierung

1966 huet d'UNO de Weltdag vun der Alphabetiséierung lancéiert. En Dag, wou un déi ronn 800 Millioune Mënsche weltwäit geduecht gëtt, déi Problemer beim Liesen a Schreiwen hunn.
headphones

3 min

play_arrow
Héichdrock an Déifdrock

Héichdrock an Déifdrock

Warm a kal Loft dréien am Krees.
headphones

4 min

play_arrow

Cokerill 503

D'Lokomotiv Cokerill 503 feiert 100 Joer

D'Mickey Mouse ass nach ëmmer do!

Et si elo schonn 70 Joer hir datt dat éischt Mickey-Mouse-Heft an eise Géigenden op de Marché koumen a verkaf konnte ginn.
headphones

4 min

play_arrow

UV Stralen Sonnebrand

UV Strale si verantwortlech fir e Sonnebrand
headphones

5 min

play_arrow

Erklärung vun de Mënschen- a Biergerrechter

De 26. August 1789 gouf dëst Dokument a Frankräich ënnerschriwwen a war eng wichteg Etapp beim Theema Mënscherechter.
headphones

3 min

play_arrow