Argentinien ass d’Land vum Maradona, vum Messi a vum Poopst Franziskus. Dëst sinn zumindest déi bekanntsten Ambassadeure vun dësem Land mat 47 Milliounen Awunner, dat virun iwwer 200 Joer vu Spuenien onofhängeg gouf an zanterhier ëmmer erëm politesch Turbulenzen erlieft huet. Och zu Lëtzebuerg liewen 182 Leit mat argentineschem Pass. Mir léiere véier vun hinnen dës Woch e bësse besser kennen: D’Betania Antico, de Fernando De Sarriera, d’Rita Robles an hire Jong, de Branco Dmitruk.
arrow_back_ios
Fënster Op
Argentinien
Lauschteren
play_arrow
headphones
35 min
Episoden
Argentinien
D’Land vum Messi, Maradona an dem aktuelle Poopst. Mee wéi liewen Argentinier:innen hei zu Lëtzebuerg?
Syrien
Bal 3.700 gebierteg Syrer a Syrerinne liewen hei amLand. Wéi ginn si mat der politescher Instabilitéit an hirem Land ëm?
Polen
E Land bei deem ee gäre mol u Wodka denkt. Mee stëmmt dat Virurteel nach?
Indien
Indien ass e Land mat enger facettëräicher Kultur, déi een net op Yoga reduzéiere kann
Brasilien
Eent vun de gréisste Länner op der Welt. Mee wéi liewe Brasilianer:innen hei zu Lëtzebuerg?
Spuenien
Et ass zanter Joren eng vun de beléiftste Vakanzendestinatioune fir Lëtzebuerger. Am Grand-Duché liewen och iwwer 9.000 Mënsche mat spueneschen Originnen.