Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Too Many Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

"The Musical Event of the Year"

"The Musical Event of the Year"

3.12.1908: Uropféierung vum Edward Elgar senger éischter Symphonie
"Ech freeë mech drop, op der Bün ze stoen"

"Ech freeë mech drop, op der Bün ze stoen"

Déi spuenesch Geiistin Maria Dueñas ass den Owend d'Solistin am Concert mam OPL, deen de radio 100,7 live iwwerdréit.

"Kalliwoda gehört zu den Mittelmännern"

E Bléck op d'Meenung vun Zäitzeien iwwer de Johann Wenzel Kalliwoda a seng Wierker
"Das Herz geht einem dabei auf"

"Das Herz geht einem dabei auf"

Den 2. Dezember 1883 feiert de Johannes Brahms d'Uropféierung vu senger 3. Sinfonie.
Eng nei Stëmm am Norden

Eng nei Stëmm am Norden

De Jugendensembel NordVox vum Conservatoire du Nord

"Tout est au mieux dans le meilleur des mondes"

1. Dezember 1956: Première vu "Candide", Musical vum Leonard Bernstein nom Roman vum Voltaire

"E Liichtbléck"

D'Nomiatioun bei den International Classical Music Awards bedeit fir d'Solistes Européens, Luxembourg eng Bestätegung vum ageschloene Wee.

Eng lescht kreativ Meeschterleeschtung

Den 1. Dezember 1944 gëtt dem Bela Bartok säi Concerto fir Orchester uropgeféiert.
En Op an Of

En Op an Of

Wärend de Franz Schubert lues awer sécher als Komponist Karriär maache konnt, ass et mat senger Gesondheet biergof gaangen.

Eng Nominatioun fir d'Mandolinnen

Den Disk "Venice's Fragrance" vun Artemandoline op der Lëscht vun den International Classical Music Awards

Kee konventionelle Komponist

De Schwäizer Komponist Arthur Honegger ass de 27. November 1955 gestuerwen.
"Bestia infernale"

"Bestia infernale"

De Franz Joseph Haydn war wuel net ganz glécklech a senger Bezéiung.

Ecouragement an Engagement

International Unerkennung fir d'Franck-CD vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

Wäiss a Schwaarz mam Jean Muller

De Pianist proposéiert e Sonndeg (29.11) en déiwen Abléck an zwee vum Ludwig van Beethoven senge leschten dräi Pianossonaten.
E Kand an der Natur

E Kand an der Natur

Am Gustav Mahler senger véierter Sinfonie kann een Allusiounen u seng Kandheet a seng Léift fir d'Natur eraushéieren.

E Lëtzebuerger beim Pablo-Casals-Concours

Den Cellist Benjamin Kruithof krut eng Mentioun.
Een Universalkënschtler

Een Universalkënschtler

De 24. November 1873 feiert de Ferruccio Busoni am Alter vu siwe Joer säin Debut als Pianist.

Der Traditioun verflicht

De Quatuor Henri Pensis éiert säin Eponyme.

E Pionéier

Fir dem Henri Pensis säin 120. Gebuertsdag gouf eng Gedenkplack ageweit.
Sollbruchstelle

Sollbruchstelle

Am Kader vun der Luxembourg Composition Academy prouft den Nik Bohnenberger säin neit Stéck grad mam Ensembel United Instruments of Lucilin.