Radioen

On air

Notturno  |  Easy Life - Sangria Feat. Arlo Parks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

"Sonndeg-Moies-Feeling"

"Sonndeg-Moies-Feeling"

Fir de Jean Muller huet dem Mozart seng Musek eppes Festleches u sech. De 15. Januar publizéiert hien den drëtten Deel vu senger Intégrale.
headphones

11 min

play_arrow
"Ech sinn e Fan vun CD-Produktiounen"

"Ech sinn e Fan vun CD-Produktiounen"

De Joseph Moog huet dem Brahms säin éischte Pianosconcerto opgeholl.
headphones

6 min

play_arrow
Meeschter vun der Opera buffa

Meeschter vun der Opera buffa

Den 220. Doudesdag vum Domenico Cimarosa
headphones

5 min

play_arrow
"D'Musek däerf net an hir Eenzeldeeler zerfalen"

"D'Musek däerf net an hir Eenzeldeeler zerfalen"

De Joseph Moog huet dem Brahms säin éischte Pianosconcerto opgeholl.
headphones

7 min

play_arrow

Wat bedeit de Brexit fir d'Museker?

Am Gespréich mam Philippe Schartz, Solo-Trompettist vum BBC National Orchestra of Wales

"Nach Syrien, Indien, nach Arabien und Jerusalem ..."

De Ludwig van Beethoven - seng Loscht op Aventuren, seng Dram-Destinatiounen
Neijoerschconcert am Stream

Neijoerschconcert am Stream

Den OCL trëtt am CAPE live iwwer Stream op. Mir hu mat e puer vun de Bedeelegten iwwer dëst Format geschwat.

E weidert schwieregt Joer

Wéi kann den Ensembel Estro Armonico 2021 viru funktionéieren?

"Vergnügungszug"

Den Neijoersconcert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (8.1.2021)

Stabat Mater

De 7. Januar 1842 - iwwer zéng Joer nodeems hien den Optrag krut - feiert den Gioachino Rossini d'Uropféierung vu sengem Wierk.
De Fluch vum populäre Concerto

De Fluch vum populäre Concerto

6. Januar 1838: Gebuertsdag vum Max Bruch

Wat bedeit de Brexit fir d'Museker?

Am Gespréich mam Philippe Schartz, Solo-Trompettist vum BBC National Orchestra of Wales

Pierre Boulez

De 5. Januar 2016 stierft de Museker am Alter vun 90 Joer zu Baden-Baden.

Pianist a Poet

Den Alfred Brendel kritt 90 Joer.

Pierre Boulez

De 5. Januar 2016 stierft de Museker am Alter vun 90 Joer zu Baden-Baden.
Tëschent Wouerecht a Mythos

Tëschent Wouerecht a Mythos

Net alles, wat iwwer den Giovanni Battista Pergolesi gezielt gëtt, ass richteg.

"Uomo di teatro"

Den Giuseppe Verdi, e Mann vum Theater, ass de Komponist vum Mount Januar.

Mirella Freni, Ennio Morricone ...

Perséinlechkeeten aus der internationaler Musekswelt, déi eis 2020 verlooss hunn.

"E Signal vun Hoffnung ginn"

De Riccardo Muti dirigéiert fir déi d'sechste Kéier den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker.

"Eng Pandemie kann d'Musek net ophalen"

De Riccardo Muti dirigéiert den Neijoerschconcert vu Wien fir déi sechste Kéier.