Radioen

On air

Tockcity  |  Sofie Royer - Indoor Sport

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

"De Mann ass geckeg!"

"De Mann ass geckeg!"

De "Boléro", eent vun de populäerste Museksstécker, gouf den 22. November 1928 uropgeféiert.
headphones

6 min

play_arrow
En Hommage un den Odo

En Hommage un den Odo

Am Kader vum Festival Odo Sonoritas proposéiert den Arthur Stammet eng Klanginstallatioun zu Stolzebuerg.
headphones

7 min

play_arrow

Ënner Stroum

Den OPL interpretéiert dem Stefan Prins säi Wierk "under_current" fir elektresch Gittar, Elektronik an Orchester bei de rainy days.

Geschicht vum Philadelphia Orchestra geschriwwen

18.11.1899: Den Dirigent Eugene Ormandy kënnt zu Budapest op d'Welt.

Luxembourg Composition Academy

E Workshop am Kader vum Festival rainy days

"Isles & Rivers"

Concert muer Donneschdeg (18.11.2021) am Kader vum Festival rainy days

Al an nei

Och an der Editioun 2021 ginn zu Stolzebuerg ënner dem Titel Odo Sonoritas Nei Musek a Gregorianik matenee kombinéiert.

"Isles & Rivers"

Concert muer Donneschdeg (18.11.2021) am Kader vum Festival rainy days

E gudde Cru fir Lëtzebuerg

D'Nominatioune fir d'International Classical Music Awards 2022

D'Aktualitéit vum Victor Hugo

"Quo vadis Europa?" - e multimediale Spectacle vum Trio Cénacle am Théâtre national

London - Wien - Buenos Aires

Act'Art Concert haut Dënschdeg (16. November 2021) am Stater Conservatoire

"Wierklech extreem emotional"

E Bléck op d'Uropféierung vun der Commande "Sisyphus' Sohn" live um radio 100,7 an um KUK

London - Wien - Buenos Aires

Act'Art Concert muer Dënschdeg (16. November 2021) am Stater Conservatoire

Ghost Trance Music

Concert am Kader vum Festival rainy days (13.11.2021)

"Ursonate"

Muer Freideg (12.11.2021) ass d'Ouverture vum Festival rainy days

Podium fir jonk Talenter

De Concours national pour jeunes solistes vun der UGDA (14.11.2021)

Come together again

De Festival rainy days (12.11.- 5.12.2021)

Come together again

De Festival fir Zäitgenëssesch Musek rainy days 2021

Assises sectorielles vun der Klassescher Musek

Am CAPE goung et an zwou Diskussiounsronnen thematesch ëm d'Orchesterlandschaft zu Lëtzebuerg an ëm professionell Museker*innen.

Prinzessin Anna Amalia von Preussen

Komponistin an och begeeschtert Sammlerin vu Bach-Partituren, haut bekannt als Amalienbibliothek