Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yard Act - Dream Job

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

De Pietari Inkinen bleift bis 2025

De Chefdirigent vun der Deutschen Radiophilharmonie huet säi Kontrakt verlängert.
headphones

6 min

play_arrow
Eng zweet Uropféierung

Eng zweet Uropféierung

Fir d'Pontifikalmass um Schlussoktavsonndeg gëtt "Deutsche Singmesse" vum Laurent Menager opgeféiert.

Ufank vum Strawinsky senger neoklassizistescher Phas

De 15. Mee 1920 gëtt de Ballet "Pulcinella" uropgeféiert.
Eng zweet Uropféierung

Eng zweet Uropféierung

Fir d'Pontifikalmass um Schlussoktavsonndeg gëtt "Deutsche Singmesse" vum Laurent Menager opgeféiert.

"Alles liegt halb im Duft oder Rauch oder Nebel"

De 14. Mee 1832 ass zu London d'Première vun der der Ouverture "Die Hebriden".

D'Kammermusiktage Mettlach 2020

D'Concertsrei ass vum 26. Juni bis den 9. August 2020. All d'Sécherheetsmesurë si getraff. Wat awer nach feelt, ass déi offiziell Autorisatioun.

Wéi héich ass de Risiko beim Chouersangen?

E Gespréich mam Prof. Dr. Bernhard Richer vum Freiburger Institut für Musikermedizin iwwer Chouerprouwen am Kontext vun der Chorona-Pandemie
Apollo et Hyacinthus

Apollo et Hyacinthus

Den 13. Mee 1767 feiert de Wolfgang Amadeus Mozart d'Uropféierung vu sengem Bünewierk an der Universitéit vu Salzburg.

Wéi héich ass de Risiko beim Chouersangen?

E Gespréich mam Prof. Dr. Bernhard Richer vum Freiburger Institut für Musikermedizin iwwer Chouerprouwen am Kontext vun der Chorona-Pandemie
Keng Oktav ouni Musek

Keng Oktav ouni Musek

Och wann et dëst Joer nëmme mat Restriktioune méiglech ass, suergt d'Maîtrise trotzdeem fir de musikaleschen Encadrement bei der Oktav.

De Papp vun der tschechescher Musek

De Bedrich Smetana ass den 12. Mee 1884 gestuerwen.
Keng Oktav ouni Musek

Keng Oktav ouni Musek

Och wann et dëst Joer nëmme mat Restriktioune méiglech ass, suergt d'Maîtrise trotzdeem fir de musikaleschen Encadrement bei der Oktav.

De Saarbrécker Staatstheater a Krisenzäiten

Och an Däitschland ass et fir d'Kulturzeen net einfach.

De Gustav Mahler etabléiert sech zu Wien

No sechs Joer als Kapellmeeschter zu Hamburg geet de Mahler op Wien. Seng Stellung etabléiert hie mat sengem Talent als Dirigent.

De Saarbrécker Staatstheater a Krisenzäiten

Och an Däitschland ass et fir d'Kulturzeen net einfach.

Den Online-Chouer geet a seng zweet Editioun

Nodeems ronn 60 Leit beim éischte Chouer matgemaach hunn, lancéieren den INECC an den 100,7 eng zweet Editioun mam Dirigent Marc Dostert.

Eng Legend aus dem 20. Joerhonnert

Den Dirigent Carlo Maria Giulini kënnt den 9. Mee 1914 op d'Welt.

Den Online-Chouer geet a seng zweet Editioun

Nodeems ronn 60 Leit beim éischte Chouer matgemaach hunn, lancéieren den INECC an den 100,7 eng zweet Editioun mam Dirigent Marc Dostert.

E Concerto fir dem Dave Brubeck säin 100. Gebuertsdag

De Fils vum Jazzist Dave Brubeck huet als Undenken u säi Papp e klassesche Gittareconcerto komponéiert.

E Concerto fir dem Dave Brubeck säin 100. Gebuertsdag

De Fils vum Jazzist Dave Brubeck huet als Undenken u säi Papp e klassesche Gittareconcerto komponéiert.