De Pit an de Pol si beim Pol senger Tatta an Amerika, an déi sot de Pol kéint ee Kolleeg matbréngen a säi Choix ass op de Pit gefall, an net op de Jos.
De Jos ass ausser sech en traureg rosen enttäuscht, fillt sech verroden. An e léisst de Pit an de Pol och ouni eppes ze soen einfach stoen, a leeft heem, mee do gëtt et och net besser.