D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Oden un Alles
Zwou Wochen no der Release vun hirem éischten EP, "Odes To Everything" hunn ENGLBRT hir nei Musek op der Bün vun de Bouneweger Rotondë presentéiert.
"Ein Buch ist für mich eine Art Schaufel, mit der ich mich umgrabe"
Den däitsche Schrëftsteller Martin Walser ass net méi. Säin dacks ëmstriddent a vill diskutéiert Wierk bleift.
Spillen, Ophuelen, an nach eng Kéier ...
Fënnef Joer war Artaban hir nei Plack an der Maach. Dat läit deelweis um Perfektionismus vub de Gebridder Charel a Max Nilles, déi hanner dem Projet stinn.
Nihilismus mat Message
Mat engem ganz opwännege Videoclip lancéiert Das Radial, alias Max Thommes, seng nei Single "Terror Terrestris".
Fir de Mao op den Everest
E Gespréich mam franséischen Aventurier Cédric Gras iwwer säi Buch "Alpinistes de Mao" (Editions Stock). Extrait
Fir de Mao op den Everest
E Gespréich mam franséischen Aventurier Cédric Gras iwwer säi Buch "Alpinistes de Mao" (Editions Stock)
Onvergläichlech
Déi iresch Sängerin Sinead O'Connor ass dëse Mëttwoch 26.7. gestuerwen. E Réckbléck op eng Karriär an e Personnage, dee vu Kampf a Sacrifice gepräägt war.
Dem Batty Weber säin Abreisskalender
"Et ass schwéier net sentimental ze ginn, wann et ëm de Batty Weber geet", seet d'A.-M. Millim, Sproochwëssenschaftlerin, déi sech scho laang mam Wierk vum Batty Weber befaasst.
Onvergläichlech
Déi iresch Sängerin Sinead O'Connor ass dëse Mëttwoch 26.7. gestuerwen. E Réckbléck op eng Karriär an e Personnage, dee vu Kampf a Sacrifice gepräägt war.