D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
"It is like a 10 day party"
Den Niall Brown ass neien artisteschen Direkter vum Konz Musik Festival (31.08.-10.09.).
"Ech gesi mech als ozeanesche Schrëftsteller"
Virun Taiwan läit déi kleng Insel Lanyu, wou d'Urbevëlkerung vun den Tao lieft. Do kënnt och de Schrëftsteller Syaman Rapongan hier.
"It is like a 10 day party"
Den Niall Brown ass neien artisteschen Direkter vum Konz Musik Festival.