D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Irem - I Love You?
Pop ass de Spigel vun der Welt
Een Tuer a fënnef Plazen
Een Iwwerbléck vun de fënnef Skulpturen, déi am Kader vun der Luxembourg Art Week duerch d‘Stad verdeelt sinn.
Dem Auteur a Linguist Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier Bréifdréier
D'Wuert Bréifdréier huet näischt spektakuläres, mee d'Geschicht iwwert seng Originne dach.
Dem Romain Urhausen seng Steel Lifes
D‘Escher Galerie Schlassgoart presentéiert dem Fotograf Romain Urhausen seng schwaarzwäiss Steel Lifes.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun den neie Filmer mam Michel Delage.