D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Interview mam Alborz Teymoorzadeh
De 6. Oktober huet den iranesche Fotograf Alborz Teymoorzadeh d’Land misse verloossen, well seng Openthaltsgeneemegung op en Enn koum an den Inneministere refuséiert huet, se ze erneieren

Jackie Moontan - All My Friends Are Totalitarians
E Gespréich iwwert déi nei Single an den Album, deen de 15. November eraus kennt

Cineast (4): "Panopticon", "Frca" a "Whirlwind"
Éiert um Donneschdeg an am Grousse Kino vum Samschden déi rechtlech Filmer an der Competitioun beschwat ginn, hëlt de Michel Delage haut déi dräi Filmer “Panopticon”, “Frka” a “Whirlwind” ënnert d’Lupp.

Dana Grigorcea am Gespréich
Hu der iech scho Gedanken driwwer gemaach, wéi vill e Villche beim fléie weit?

Filmkritik: "Quand vient l'automne"
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonvic hunn dem François Ozon säin Altersdrama am Grousse Kino beschwat.

"Téhéran-Luxembourg" am TNL a "Stolen Ground" am Kapuzinertheater
An "Téhéran-Luxembourg" kuckt eng Fra aus dem Lëtzebuerger Exil aus der Distanz op hiert Land, a "Stolen Ground" stellt sech d'Fro, wéi ee mat enger vergëftener Ierfschaft kann ëmgoen.

Um Radar - ënnert der Woch
Den Nicolas aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir ënnert der Woch net sollt verpassen.

Kënne Plüschdéieren, déi net billen, am iwwerdroene Sënn awer bäissen?
Der Cosima von Bonin hier Waff géint Mëssstänn: karnevalesk inzenéiert Petzien

Starchase
Déi nei Single vun Tuys mat enger Touche "French"

CinEast-Festival
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätze "Mother Mara" a "78 Days".
I’m A Virgo
Wéi geet een duerch d’Liewen, wann ee véier Meter grouss ass? Dorëms geet et an dëser Serie.

Ënnerwee mat de Schof
D’Fotografin Liz Lambert iwwer hire Projet “Transhumanz”, dee si als Laureatin vun der Bourse CNA x LUGA realiséiere wäert.

Rentrée littéraire (3) "Le syndrome de l'Orangerie" vum Grégoire Bouillier
An "Le Syndrome de l’Orangerie" setzt sech de Grégoire Bouillier mat dem Claude Monet sengen Nymphéas auserneen

Fir déi 23. Nuit des Musées presentéiert de Mudam „Radical Software“
Fraen an Technik? Jo, a gären: an zwar och schonn tëscht 1960 bis 1991 am Beräich "Computerart"

Elysian Fields am Gudde Wëllen
Gespréich mat der Sängerin Jennifer Charles

Claude Mangen am Gespréich
Den Direkter vum Mierscher Theater schwätzt iwwer déi nei Saison.

"Die Traumnovelle" am TNL
Am TNL fänkt déi nei Saison mat dem Frank Hoffmann senger Inzenéierung vum Arthur Schnitzler senger "Traumnovelle" un

Cineast
De Jeff Schinker, d'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn d'Filmer Minghun an Holy Week beschwat, déi an der Competitioun lafen

"Et geet ëm d'Gefill, mat de Personnagen dobäi ze sinn"
E Gespréich mat der indescher Realisatrice Payal Kapadia iwwer hire Film "All we imagine as light".
