Haut ass déi offiziell Erëffnung vum Lëtzebuerger Pavillon, an deem an den nächste Méint véier Kënschtler:innen eng Residenz hunn an de Pavillon duerno mat hire Performance bespillen. Éiert eis Interview-Serie mat de verschiddene Kënschtler:inne lass geet, huet de Jeff Schinker sech mat der Valérie Quilez an der Diane Tobes ënnerhalen an den Duo un der Spëtzt vu Kultur: LX, dem Lëtzebuerger Arts Council, deen ab dësem Joer zesumme mam MUDAM de Lëtzebuerger Pavillon koproduzéiert, iwwert dës éischt Konschtbiennale-Experienz ausgefrot.
arrow_back_ios
Kultur
"Komplexifiéieren amplaz ze vereinfachen" Am Gespréich mat der Valérie Quilez an der Diane Tobes
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
Episoden
Wou Zirkus op elektroakustesch Musek trëfft
En Akrobat beweegt sech ëm an duerch en 33 Kilo schwéieren Holzbou. Déi Geräischer, déi dobäi entstinn, gi gesampelt an erauskënnt d'Kreatioun "3D", déi an de Rotondes gewise gëtt.
Luxfilmfest Digest 5
De Michel Delage an d'Martine Reuter schwätzen iwwer de polneschen Drama "Silent Land", deen an der Kompetitioun leeft, an de britteschen Docu "Cow"