Radioen

On air

Notturno  |  Kiefer - Falling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Wëssenswäert

100komma7.lu / Wëssenswäert

/ Planzen duerchginn eng Pubertéit

Planzen duerchginn eng Pubertéit

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Biologen hunn entdeckt, datt Dausende vu Genen dann amplifiéiert oder reduzéiert ginn. Doduercher koordinéieren d'Planzen d'Entwécklung vun hire reproduktiven Organer a vernoléissegen de Wuesstem vun hire Blieder.
Dës Erkenntnis kéint an Zukunft Baueren zegutt kommen, de perfekten Zäitpunkt fir d’Recolte ze fannen.
Net nëmme Mënschen, mee Planze ginn also duerch d'Pubertéit. A genee wéi bei de Mënsche wuessen d’Planzen an dëser Liewensetapp. A se wuessen net méi, mee se ginn och sexuell räif a ginn an hir reproduktiv Phas iwwer.
Dobäi reduzéiere se de Wuesstem vun hire Blieder, an déi iwwerschësseg Energie geet an d’Entwécklung vun hire Fortplanzungsorganer wéi zum Beispill Bléieknospen. Am Géigesaz zu Mënschen dauert d’Pubertéit bei de Planze keng Joren, mee dacks just zwee, dräi Deeg.
Dat ass genee deen Iwwergang, dee fir d’Landwirtschaft wichteg ass.

Episoden

Wäit ewech vu gläichberechtegt

Enger Analys vun der Weltbank no, genéisse Frae weltwäit am Schnëtt nëmmen zwee Drëttel vun de Rechter, déi d‘Männer hunn. Op alle Fall mol an der Theorie, d‘Realitéit gesäit nach méi däischter aus.
headphones

2 min

play_arrow

Wouhier kënnt eist Museksverständnes?

Zum Deel baséiert dat op den Theorien aus dem ale Griichenland.
headphones

2 min

play_arrow

Drénkwaasser vu Mikroplastik befreien

Dat kann een och selwer doheem maachen, wéi e Fuerschungsteam elo erausfonnt huet.
headphones

2 min

play_arrow

Ustrengend a frustréierend

Ëmmer méi Persoune kréie beim Onlinedating eng Aart Burn-out.
headphones

1 min

play_arrow

En ënnerschiddlechen Effekt

Frae mussen enger Etüd no manner Sport maachen, fir e positiven Effekt fir d‘Gesondheet dovunner ze hunn.
headphones

1 min

play_arrow

Fir d‘Leit net duercherneen ze bréngen

A Frankräich dierfe vegetaresch oder vegan Produiten net méi no Fleesch benannt ginn, also keng Wurscht méi aus Soja.
headphones

2 min

play_arrow

En neit Transportmëttel fir Olympia?

Aktuell gëtt zu Paräis iwwer Fliger-Taxie fir déi Olympesch Spiller diskutéiert.
headphones

2 min

play_arrow

Ze vill Protein kann ongesond sinn

Vill Produite maachen aktuell domadder Werbung, datt se vill Protein enthalen. Mee wéi bei esou villem, kann een et och beim Protein iwwerdreiwen.
headphones

2 min

play_arrow

Laangfristeg Konsequenzen

Ibuprofen ka bei staarkem Gebrauch déi rout Bluttkierpercher veränneren.
headphones

1 min

play_arrow

Digital Police-Kontrollen

A Frankräich ass elo de Fürerschäin och digital disponibel, wat och en Effekt op d‘Kontrolle vun der Police wäert hunn.
headphones

2 min

play_arrow

Ëmweltfrëndlech heescht net gesondheetlech

Och wa vill ëmweltfrëndlech Botzmëttel an der Werbung anescht duergestallt ginn, si vill net manner schiedlech fir d‘Gesondheet, wéi konventionell Produiten.
headphones

1 min

play_arrow

Blummen déi am donkele liichten

Esou Planze ginn et deemnächst an den USA ze kafen. Déi goufen dofir genetesch verännert.
headphones

2 min

play_arrow

Emojien gi net iwwerall gläich verstanen

Och wa Smileye ganz gären an der Kommunikatioun benotzt ginn, gi versteet net jiddereen se op déi selwecht Manéier.
headphones

2 min

play_arrow

Vull vum Joer

Dës Kéier ass de Choix vun natur&ëmwelt op d‘Flossséischmuewel gefall.
headphones

2 min

play_arrow

Virum Fliger op d‘Wo

Dat ass elo scho bei verschiddene Fluchgesellschaften de Fall.
headphones

1 min

play_arrow

De Wëllen ass do, d‘Informatioune feelen awer

An enger representativer Ëmfro hunn Mënschen an Däitschland uginn, datt se sech méi fir de Klima asetze wéilten, wéissten awer net esou richteg wéi.
headphones

1 min

play_arrow

Woufir entscheede mer eis?

Dat weess eng KI beim Online-Shopping schonn éier mir selwer et wëssen.
headphones

1 min

play_arrow

Zanter 1977 am All ënnerwee

D‘Voyager-1 Sonde vun der NASA sent mëttlerweil just nach onverständlech Daten a soll gefléckt ginn. Ganz einfach ass dat net.
headphones

2 min

play_arrow

Etude a Süd Afrika

Eng Étude an Südafrika iwwert d’véier Deeg Schaff Woch ergëtt eng Rei positiv Resultater.
headphones

3 min

play_arrow

Nei Bewäertungs-Skalaen néideg?

Wierbelstierm an Hurrikane ginn ëmmer méi hefteg a ginn deelweis iwwert déi Skalaen eraus.
headphones

2 min

play_arrow