Wëssenswäert
Planzen duerchginn eng Pubertéit
4 min
Biologen hunn entdeckt, datt Dausende vu Genen dann amplifiéiert oder reduzéiert ginn. Doduercher koordinéieren d'Planzen d'Entwécklung vun hire reproduktiven Organer a vernoléissegen de Wuesstem vun hire Blieder.
Dës Erkenntnis kéint an Zukunft Baueren zegutt kommen, de perfekten Zäitpunkt fir d’Recolte ze fannen.
Net nëmme Mënschen, mee Planze ginn also duerch d'Pubertéit. A genee wéi bei de Mënsche wuessen d’Planzen an dëser Liewensetapp. A se wuessen net méi, mee se ginn och sexuell räif a ginn an hir reproduktiv Phas iwwer.
Dobäi reduzéiere se de Wuesstem vun hire Blieder, an déi iwwerschësseg Energie geet an d’Entwécklung vun hire Fortplanzungsorganer wéi zum Beispill Bléieknospen. Am Géigesaz zu Mënschen dauert d’Pubertéit bei de Planze keng Joren, mee dacks just zwee, dräi Deeg.
Dat ass genee deen Iwwergang, dee fir d’Landwirtschaft wichteg ass.
Episoden
"Fuer wéi eng Fra“
Dat ass den Numm vun enger Campagne a Frankräich, mat där Automobilisten dozou opgefuerdert solle ginn, méi opzepasse beim Fueren.
Geméis um Mars
Dat grousst Zil vun der Raumfaart ass aktuell de roude Planéit. An aktuell gëtt och scho gefuerscht, wéi een do Geméis kéint ubauen.
Braucht et nach Experimenter un Déieren?
Och wann d‘Zuel ëmmer méi erof geet, well et och Alternative gëtt, wäert wuel och an de nächste Joren nach weider drop gesat ginn.
Wéi gutt funktionéiere Staaten?
Dat probéiere Fuerscher:innen an hirem Stateness Index festzehalen. Lëtzebuerg kennt hei op déi fënnefte Plaz.
Mir loossen eis séier iwwerzeegen
Eng Etüd weist, datt mer bereet sinn, séier dat ze gleewen, wat mer op de soziale Medie gesinn.
Méi Villfalt wéi geduecht
Neien Erkenntnisser no, ass de Stammbam vu Villercher méi diversifiéiert, wéi bis elo ugeholl.
Méi räich bedeit net onbedéngt méi tolerant.
Eng Theorie an der Sozialwëssenschaft seet, datt Gesellschafte méi oppe ginn, wann se méi modern a räich ginn. Dat huet awer vill mam Kontinent ze dinn.
Grouss Ënnerscheeder bei der Perceptioun
Wéi mer Géigestänn wouer huelen, hänkt dovunner of, wéi vill Biller mer pro Sekonn wouer huelen. An do ginn et grouss Ënnerscheeder bei de Mënschen.
Feeler-Sich an der Wëssenschaft
Bei neie Programméier-Codes engagéiert een an der Reegel Experten an Expertinnen, déi no Feller siche sollen. Fuerscher:innen hu sech elo gefrot, ob een dat net och op d‘Wëssenschaft applizéiere kéint.
Éiwegkeetschemikalien am Waasser
Dat si Stoffer déi nëmme lues, oder guer net ofgebaut ginn. Op ville Plaze sinn d‘Limitten awer iwwerschratt.
De Klimawandel iwwerfuerdert d‘Immunsystem
D‘Changementer passéieren esou séier, datt d‘Immunsystem deelweis net méi hannendru kennt.
Eng Systematik vun der Péng
Péng ass jo dacks éischter abstrakt, Medezinner:innen aus Heidelberg, hunn awer elo ënnersicht, wéi ee System hannert der Péng steet.
Sterilisatioune ginn an d‘Luucht
Dat nodeems an den USA den Zougang zu Ofdreiwungen op ville Plaze méi schwéier oder onméiglech ginn ass.
![Eng kënschtlech Intelligenz op de Béier lass gelooss](/_default_upload_bucket/173107/image-thumb__173107__base_thumbnail/B%C3%A9ier.c1b7a15b.jpg)