D'Fuesent steet virun der Dier 01.03.2025 - 09h20 Am Gudde Wëllen ass e Kannerfuesbal an zu Dikrech gëtt et nees den traditionellen Ëmzuch am Kader vun der Kavalkad.
Big Bang Festival 22.02.2025 - 09h20 Muer (23.02) ginn et am Neimënster ganz vill Ateliere ronderëm d'Musek an Téin.
Jupiter Jones an Nieve Ella 15.02.2025 - 09h20 Déi däitsch Band ass zu Diddeleng am opderschmelz an déi brittesch Musekerin an de Rotonden op der Bün.
Geek Floumaart 08.02.2025 - 09h20 Dëse Sonnden (09.02.) ass zu Téiteng an der Schungfabrik en e bëssen anere Floumaart.
Family Day 01.02.2025 - 09h20 Haut gëtt et am Cercle Cité e Programm fir déi ganz Famill, mat ville Workshops, engem Live Concert a ville Brietspiller, séi een ausprobéiere kann.
Kanner- a Jugendbicherdag 25.01.2025 - 09h20 Muer (25.01) dréit sech zu Diddeleng am Centre culturell opderschmelz alles ëm d'Literatur.
Rockmusek oder Kazevideoen? 18.01.2025 - 09h20 Vu Rock Musek iwwer Filmer bis Eventer fir kleng Kanner a souguer fir Kazefrënn ass eppes dobäi.
Theater, Jazz oder Sport 11.01.2025 - 09h20 Egal op Theater, Musek oder Sport: dëse Weekend ass fir jiddereen eppes dobäi.
Expo Creativ a Filmer fir an deem kale Wieder 04.01.2025 - 09h20 An der Luxexpo kritt een de Weekend vill Materialien an och nei Iddien, fir selwer kreativ ze ginn. An der Cinemathéik ginn haut a muer (4. a 5.1.) jeeweils dräi Filmer gewisen.
Luxembourg On The Rocks 28.12.2024 - 09h20 Esou heescht eng Ausstellung, déi aktuell am natur musée ze gesinn ass.
Jazz a Chrëschtdag 21.12.2024 - 09h20 Dëse Weekend gëtt et Jazz am Gudde Wëllen a Chrëschtstëmmung um Knuedler.
Vegane Chrëschtmaart zu Bouneweg 14.12.2024 - 09h20 Dëse Weekend ass schonn déi néngten Editioun vum vegane Chrëschtmaart vun der Vegan Society Lëtzebuerg.
Researchers' Days um Belval 30.11.2024 - 09h20 E Samschdeg vun 10 Auer u kann een an der Rockhal nees u wëssenschaftlechen Experimenter vu lëtzebuergesche Fuerscher:innen deelhuelen.
BMX Championnat 16.11.2024 - 09h20 An de Rotondë kann een haut de beschte Flatland Freestyle Cyclisten a Cyclistinnen nokucken.
Wanterfeeling zu Suessem beim Schlass 09.11.2024 - 09h20 Musek, Zirkus, Verkafsstänn an nach villes méi erwaart Iech de Weekend op der 16. Editioun vum Wantefeeling zu Suessem beim Schlass.
Veianen Music Days 02.11.2024 - 09h20 Kammerata luet dëse Weekend op déi 5. Editioun vun de Veianen Music Days an.
Game On an Eutopia 26.10.2024 - 09h20 De Weekend iwwer dréit sech an de Rotonden alles ronderëm d'Spillen.
Musek aus Lëtzebuerg 19.10.2024 - 09h20 Mat Fumage am Gudde Wëllen a Just About - A Musical Duo am opderschmelz kann een sech de Weekend Musek aus Lëtzebuerg ulauschtere goen