Ocean Days 2026 Gëschter - 14h40 Den 23. an de 24. Mee ass am Luxembourg Science Center déi drëtten Editioun vun den Ocean Days.
Hip Hop Marathon 20.05.2026 - 14h40 Méintelaang hu Schüler:innen e Spektakel aus Rap, Danz a Graffiti ageprouft a presentéieren d’Resultat den 21.05 an de Rotonden.
Gameland 7 – Beyond Buttons 19.05.2026 - 14h40 Vum 22. bis de 24. Mee kann een an der Schunkfabrik zu Téiteng ganz vill Videospiller ausprobéieren.
Creative Encounters 18.05.2026 - 14h40 De 24.05 kann een sech am Mudam bei engem Workshop selwer e bësse kënschtleresch ausliewen.
OarbechterKiermes 15.05.2026 - 14h40 Hei geet et drëms de Flair vu Kiermes aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert nees opliewen zeloossen.
Cristal Vibes 13.05.2026 - 14h40 E Festival, den 13. a 14.Mee zu Munneref. Hei ginn et Concerte vu de Waffle Killers, Authenrtica, de Lompekréimer, dem André Mergenthaler oder nach dem Nosi.
Spillfest 12.05.2026 - 14h40 De 14. Mee organiséiert den COSL fir déi 43. Kéier hiert traditionellt Spillfest. De ganzen Dag iwwer kann een hei vill verschidde Sportaarten ausprobéieren.
Waasserdeeg 11.05.2026 - 14h40 Vum 12. bis den 18.Mee sinn am Naturpark Uewersauer eng Partie Eventer organiséiert, déi sech ronderëm d'Theema Waasser dréien.
Metal Battle 08.05.2026 - 16h35 Den 9. Mee ass am Club vun der Rockhal nees de Wacken Metal Batlle. Hei kämpfen d'Finaliste vum Concours em e Slot um weltbekannte Wacken Open Air.
Haff-Fest um Kass Haff 08.05.2026 - 14h40 De Kass Haff mécht den 10. Mee seng Dieren op. Hei ginn et Aktivitéite fir Kanner oder och nach e Bio Second Hand Maart.
San'Up 07.05.2026 - 14h40 Den 9. Mee kann een um Kannercampus zu Bieles an am Park villes ausprobéieren, zum Beispill Graffiti, Yoga, Disk Golf oder nach Flag Football.
D'Echappée 06.05.2026 - 14h40 Eng Randonnée, bei där een de 9. Mee vu Konsdref 4 verschidde Vëlosstrecke fuere kann. Den Erléis geet un de gudden Zweck.
Messtival Vol. 5 05.05.2026 - 14h40 De Festival, deen den 9. Mee zu Reckeng op der Mess ass, feiert dëst Joer säi 5. Gebuertsdag. Op der Affiche stinn ënner anerem De Läb, Tuys, de Maz Universe oder nach d’Marcy.
E Filmowend ronderëm d’Demenz 04.05.2026 - 14h40 De 7. Mee organiséiert den Info-Zenter Demenz zu Beetebuerg am Ciné le Paris e Filmowend, bei deem de Film “Les Esprits Libres” gewise gëtt.
D'Ouverture vun der Saison a Kreativmaart 30.04.2026 - 14h40 De Minettpark am Fond-de-Gras mécht den 1. Mee seng Diere fir déi nei Saison op an dofir ass deen Dag eng méi lass do.
Nuclear Paradise 29.04.2026 - 14h40 Eng Foto-Expo, déi sech mat der Pazifik-Insel Hao beschäftegt. 30 Joer laang huet déi Insel eng wichteg Roll bei franséischen Atomtester gespillt.
Maale Gars - Release Show 28.04.2026 - 14h40 Den 30.04. presentéiert de Lëtzebuerger Museker Maale Gars säin neien Album "Iwwert Mech" an de Rotonden.
Walpurgisnacht 27.04.2026 - 14h40 Eng Nuecht, déi op Joerhonnerten alen europäeschen Traditioune berout. Et gëtt vill Musek, vill Natur an och Workshoppen.
Poutty Stein revisited 24.04.2026 - 14h40 De Georges Urwald a Serge Tonnar hunn ënner dem Titel "Kapoutty" eng Rei Lidder vum populäre Chansonnier Poutty Stein nei interpretéiert.
Beyond the Wall 23.04.2026 - 14h40 En Dag ronderëm d’Graffiti-Kultur de 25.04 am Schluechthaus an der Stad.