arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Time Flies

Episoden

2011

2011 ass e staarke Cru. Nei Acts mat spannenden neie Propositioune wéi och Museker:innen, déi no Joerzéngten am Geschäft Héichpunkte vun hire Karriäre produzéieren.
headphones

60 min

play_arrow

2010

Mir lauschteren eis vu Woch zu Woch a lues a lues duerch Pop- a Rockgeschicht a mir sinn am Joer 2010 ukomm. Wéi dat Joer wuel geklongen huet?
headphones

60 min

play_arrow

2009

EU-Politik an amerikanesch Helden hin oder hier, interesséiert d'Musek vun deem Joer - an déi war definitiv fest an der Hand vun Indiekënschtler a Kënschtlerinnen.
headphones

60 min

play_arrow

2008

Mir maache Stopp an deem ganz tumultuéise Joer a lauschteren eran - an d'Musek vum Joer 2008.
headphones

60 min

play_arrow

2007

2007 weist sech vun alle Säiten, och musikalesch. Katy Perry séngt doriwwer, wéi si e Meedche gekusst huet, Coldplay gi mam Brian Eno an de Studio an nei Folkmuseker:inne sinn in.
headphones

60 min

play_arrow

2006

Bangers aus de Radiorotatiounen, verspillt Ureges aus Elektronik a Pop an dee gréisste Folk-Elf vum 21. Joerhonnert ...
headphones

60 min

play_arrow

2005

Vu cheemesche Bridder, dem brasilianeschen David Bowie an der Angscht, dat bëssi Coolness ze verléieren - et ass nees fir all Goût, Faarf an all Angoisse eppes dobäi.
headphones

60 min

play_arrow

2004

Wéi de Soundtrack zu deem Joer kléngt, héiert Dir an dëser Emissioun.
headphones

60 min

play_arrow

2003

Dir héiert e subjektiivt Bild vum Soundtrack vun deem Joer.
headphones

60 min

play_arrow

2002

D'Joer 2001 war retrospektiv gesinn e richteg gudde Cru vun engem Joer, wat d'Musek ugeet. Datt dat Joer duerno am direkte Verglach eng Grimmel verblatzt: net weider schlëmm.
headphones

60 min

play_arrow

2001

Nieft den No Angels, dem Safri Duo an dem Christina Aguilera - déi Dir all hei net héiere wäert - war d'Musek dat Joer prett fir dat neit Joerhonnert.
headphones

60 min

play_arrow

2000

Mir kënnen eng Stonn nolauschteren, wat am Joer 2000 soss nach musikalesch ustoung.
headphones

60 min

play_arrow

1999

Let's all meet up in the year 2000 an hoffe mer dat et dann net komesch gëtt, wann een sech erwuesse géigeniwwer steet.
headphones

60 min

play_arrow

1998

Et ass d'Joer vu Pop Queens, vum ICE-Zuchaccident an Ostdäitschland an dem auto-tune Effekt, deem seng Gebuertsstonn schléit.
headphones

60 min

play_arrow

1997

Dat musikalescht Joer vu Barbie Girl an OK Computer
headphones

60 min

play_arrow

1996

D'Zäitrees dës Kéier ass voller summerlecher Bangers, d'Rees geet och a Japan an den Album vum Joer vun der Woch kënnt vun engem Gott vun der elektronescher Fréckelmusek.
headphones

60 min

play_arrow

1995

Beliicht gëtt net eng Stonn laang déi geopolitesch a gesellschaftlech Situatioun vum zentrale Joer vun den 1990er, mee d'Musek, déi dat Joer gepräägt huet.
headphones

60 min

play_arrow

1994

De Mandela gëtt President an am Ruanda geet e Genozid lass. Och an der Musek gëtt dat Joer getrauert. De Kurt Cobain hëlt sech d'Liewen an et kënnt domadder zu enger Zäsur.
headphones

60 min

play_arrow

1993

Musikalesch ass et vun a bis gaangen. Eng Stonn a 15 Stécker laang gëtt versicht, d'Museksjoer 1993 ze resuméieren. Ob dat wuel geléngt? Lauschtert eran!
headphones

60 min

play_arrow

1992

Och am Joer 1992 huet sech d'mënschlech Konditioun vun hirer grujelegster a gläichzäiteg schéinster Säit gewisen. Kee Wonner, dat “Everbody Hurts” a “Killing in The Name Of” dat Joer erauskoumen.
headphones

60 min

play_arrow