Radioen

On air

Notturno  |  Courtney Barnett - Avant Gardener

play_arrow Live
arrow_back_ios

Time Flies

1990

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

D'musikalesch Zäitrees um radio 100,7 attackéiert en neit Joerzéngt. Nom Mauerfall an iwwerhaapt dem Enn vun Ost a West, dem Kale Krich an den Tensiounen, déi dat alles mat sech bruecht hunn, kënnt de Wiessel ganz geleeën. Et ass d'Joer vum Sinéad O'Connor, vum Matthias Reim a vun Depeche Mode - mee d'musikalescht Joer war esou massiv, dat allen dräi keng Plaz fonnt hunn. Wat et alles an d'Emissioun gepackt huet, dat héiert Dir hei, wou 1990 an allen Éiere gehale gëtt.

Episoden

1990

Et ass d'Joer vum Sinéad O'Connor, vum Matthias Reim a vun Depeche Mode - mee d'musikalescht Joer war esou massiv, dat allen dräi keng Plaz fonnt hunn. Wat et alles an d'Emissioun gepackt huet, dat héiert Dir hei!
headphones

60 min

play_arrow

1989

Hunn d'musikalesch Acts an d'Museker:innen versicht Ofkierzungen ze huelen oder hu si sech all nach eng leschte Kéier an den Eighties esou richteg virun de Mikro geschmass?
headphones

60 min

play_arrow

1988

Näischt géint Metallica a Konsorten - mee d'musikalescht Joer war net just Heavy Metal op de Radioswellen.
headphones

60 min

play_arrow

1987

D'Emissioun versicht ze beweisen, datt dat Joer déi eng oder aner Pépite mat sech bruecht huet. An am Proto-Nationbranding-Sënn war dat musikalescht Joer och guer net esou iwwel. Loosst Iech iwwerraschen.
headphones

60 min

play_arrow

1985

Et ass d'Joer, an deem d'Charlotte vu Lëtzebuerg geet, an de Gorbatschow kënnt, an et ass musikalesch d'Joer vun Tears For Fears a vum Madonna.
headphones

61 min

play_arrow

1984

Mat grousse Schwulenhymnen oder dem smoothen operator vum rouege Stuerm. A relax mat engem op New York ass och gutt. George, du hues eis virun deem Joer gewarnt, mee fir eng Stonn komme mir awer luussen.
headphones

60 min

play_arrow

1983

Mat brutale Fraen gëtt op Raga-Acid gedanzt, de Krämpchen ass do just eng minimal Bedroung, ee Member vu U2 taucht op eemol aus dem Näischt op, a mir héiere fir eng länger Zäit, fir eng leschte Kéier den David Bowie.
headphones

60 min

play_arrow

1982

Mir reesen an d'Joer 1982 – an d'Joer vum Michael Jackson Album Thriller an d'Joer an deem d'Lydie Polfer déi éischter Kéier Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg gëtt.
headphones

61 min

play_arrow

1981

headphones

60 min

play_arrow

1980

D'Discobullen ginn ofgerappt, d'Neon-Tuben amplaz gehaangen. Welcome to the Eighties.
headphones

58 min

play_arrow

1979

Elektronesch Elementer ginn ëmmer méi wichteg. Sief et am Pop-Kontext oder an der Danzmusek. An d'gëlle Joer vun Disko ginn esou lues awer sécher op en Enn.
headphones

60 min

play_arrow

1978

headphones

61 min

play_arrow

1977

Musikalesch war 1977 en duerchaus staarkt Joer. An zwou hëlleg Kéi vun der Disco-Musek agebett, sëtze mir bei un d'Fënster, mir gi mam David Bowie op Warschau a lauschteren eis dem Astor säi Spill um Bandoneon un.
headphones

59 min

play_arrow

1976

1976 huet et an sech. Mee och an der Musek geet et virun. Net just well sech e waarme Groove weider breetmécht, mee well och d'Punks explosiounsaarteg op d'Bün klammen.
headphones

60 min

play_arrow

1975

Musikalesch héiere mir Elektronika vun Düsseldorf, mir maachen Ausflich an de Country, deklinéiere Funk dräimol a lauschteren an dee meeschtverkaafte Jazz- a Pianos-Album vun der Museksgeschicht.
headphones

60 min

play_arrow

1974

An der Musekswelt hunn d'Acts an d'Museker:innen, déi zanter e puer Joer schonn ënnerwee, Mëtt de 70er nach emol ënnerstrach, firwat si als Gréissten an hirem Fach gëllen.
headphones

58 min

play_arrow

1973

Vun italieeneschen Nonsens-Lidder, heavy Filmmusek a Glam-Rock vu méi oder manner grousser Eleganz op de béide Säite vum grousse Pull war nees alles dobäi.
headphones

59 min

play_arrow

1972

Op d'Musek vun deem Joer an op d'Musek vun de fréien 1970er konnt ee sech nu wierklech verloossen. Dorunner hunn déi ëmmerhin iwwer 50 Joer zanterhier näischt geännert.
headphones

58 min

play_arrow

1971

Trotz weiderhi ganz mouvementéierte Gesellschaftsbiller - ausser natierlech zu Lëtzebuerg, do gouf et einfach Fräibéier -, war déi musikalesch Kreativitéit scheinbar onendlech.
headphones

60 min

play_arrow

1970

En neit Joerzéngt ass ëmmer gläichzäiteg de Moment mat eppes ofzeschléissen, mee natierlech och fir en Neiufank. Et gëtt haart a lues, schéin a knaschteg - d'Musek huet dat neit Joerzéngt mat oppenen Äerm wëllkomm geheescht.
headphones

58 min

play_arrow