arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Schwéierpunkt vum Dag
Episoden

Wat motivéiert onbekannt Parteien a Beweegungen an d'Europawalen ze goen?
Wat motivéiert d'Lëscht Bréck fir mat an d'Europawalen ze goen? A wéi vill Schwieregkeete kréien nei Parteie fir eng Lëscht kënnen ze deponéieren?

"Mir hu Problemer mat de forcéierte Retouren ...
... vun Asyldemandeuren, deenen hir Demande refuséiert gouf” Dat sot de Finanzminister Gilles Roth ufanks Mäerz beim Depot vum Staatsbudget. Eng Ausso déi Froen opwerft.

Huet d'Drogeproblematik zu Ettelbréck zougeholl?
An de leschte Méint goufen zu Ettelbréck verstäerkt Policekontrollen duerchgeféiert, bei deenen d‘Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit am Vierdergrond stoung.

Total Sonnendäischtert an den USA, Kanada a Mexiko
Haut Méindeg freet sech Nordamerika op e ganz spezielle Spektakel, eng Show vun der Natur an de Planéiten. Eng total Sonnendäischtert fänkt a Mexiko un a wäert den Dag zur Nuecht maachen.

7.000 nei Logementer um Kierchbierg
Um Kierchbierg sollen an Zukunft däitlech méi Leit wunne wéi de Moment: d’Awunnerzuel soll bis 2042 op ronn 34.000 wuessen.

Méi Nuetsflich zejoert um Findel
D'Nuetsrou vun den Awunner ronderëm de Flughafe steet zum Deel den ekonomeschen Interessie vun enger Fluggesellschaft wéi der Cargolux géintiwwer.

D’Zukunft vun de Stater Mäert
Wéi d’Konsequenze vun der Pandemie an déi aktuell Wirtschaftlslag d’Stater Mäert beaflossen.

Véier Méint Coworking-Space vum Staat zu Schieren
Am Dezember ass am Centre culturel Al Schoul zu Schieren e Pilotprojet ugelaf: Dee Moment krut Lëtzebuerg säin éischte Coworking-Space vum Staat.

Sterilisatioun, ee Schutz fir Kazen
Ëmmer méi dacks mussen Déieren Asyler Kaze refuséiere wëll se iwwerfëllt sinn. De Landwirtschaftsministère an d'Déiereschutzliga lancéieren een Appell fir d'Kazen ze steriliséieren.

Den Horeca-Secteur deet sech weider schwéier
Dat weiden déi neisten Zuele vum Statec. Den Horeca-Secteur deet sech och véier Joer nom Ausbroch vun der Corona-Pandemie schwéier nees op den Niveau vu virun der Kris ze kommen.

Alternativen zu Subside fir fossil Brennstoffer
Den Observatoire fir Klimapolitik fuerdert en Enn vun de staatleche Subside fir fossil Brennstoffer.

Iwwerstonne vun däitsche Frontaliere gi besteiert
Ausléiser ass dat neit Duebelbesteierungsofkommes tëschent Lëtzebuerg an Däitschland. LCGB an OGBL schloen Alarm a fuerderen, datt déi nei Reegelung nees ofgeschaf gëtt.

Gletscherschmëlzen am Kilimandscharo
2023 war dat wäermste Joer vun allen Zäiten. Bei den dräi Gletscher um afrikanesche Kontinent kënnt niewent der globaler Erwiermung nach den Nidderschlag, dee feelt, dobäi. Dat huet fatal Follgen.

Keng EM am Fussball fir Lëtzebuerg!
D'Nationalekipp huet deen zweetleschte Schrëtt fir d'Europameeschterschaft an Dàitschland verpasst a verléiert 0:2 a Georgien.

Projet PIBien-être: dee véierte STATEC-Rapport läit vir
De STATEC 21 analyséiert verschidden Indicateuren aus zéng Beräicher: Verschlechterunge ginn et an de Beräicher Logement a Sécherheet a Verbesserungen an de Beräicher Educatioun an Ëmwelt.

Regierung bleift a Punkto Tubakkonsum kontradiktoresch
Zu Lëtzebuerg bréngt den Tubak dem Staat ronn fënnef Prozent vun de Budgetsrecetten. déi gréng gesinn doranner eng Kontradiktioun mat der Gesondheetspolitik a fuerderen eng substantiell Präishausse um Tubak.

Musse sougenannten Dubliner logéiert ginn?
Am Fall vun engem sougenannten Dubliner huet d’Verwaltungsgeriicht en éischt Urteel gesprach: hie muss en Daach iwwer de Kapp kréien.

Protest-Manifestatioun bei russesche Walen zu Lëtzebuerg
Observateure soen dem aktuellen President Wladimir Putin seng héchste Victoire iwwerhaapt viraus. Trotzdeem goufen et international Protester, an dat och hei zu Lëtzebuerg.
