arrow_back_ios
Schwéierpunkt vum Dag
Ass et derwäert iwwer d'Fouer ze fuerschen?
Den Historiker Steve Kayser fuerscht iwwer d'Geschicht vun der Fouer. Mir hunn hie gefrot firwat dee Sujet him esou wichteg ass.
mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden

D’Wanterwieder: aktuell Lag an d’Previsiounen
D’Wanterwieder huet Lëtzebuerg weider am Grëff

Heescheverbuet geet an déi repressiv Phas
D’Police wäert elo mat verstäerkter Presenz a geziilte Kontrollen dat néit Heescheverbued an der Haaptstad ëmsetzen. Dëst stéisst awer op vill Kritik.

Éischt Virwalen an den USA
2024 ass Waljoer a ville Länner, och an den USA. An dëse Méindeg ass déi éischt Virwal bei de Republikaner, dat am amerikanesche Midwest, am Staat Iowa.

Ausbau vum Tramreseau 2024
Mam Tram bis op de Flughafen an an den neie Stadion zu Gaasperech - dat gëtt geschwë méiglech. Dëst Joer ginn dës zwou wichteg Extensioune vum Tramsreseau fäerdeg.

Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz
D’Zesummeliewe vun all de Mënschen zu Lëtzebuerg soll verbessert ginn. Konkret soll jiddweree méi einfach un Informatioune kommen, respektiv un Aktivitéiten deelhuele kënnen.

Ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg sinn aarm
Lëtzebuerg gëllt als dat räichst Land op der Welt. Dobäi ass Aarmut eng Realitéit fir vill Leit.

Nach ëmmer schlofe Refugiéen ënner dem Pont Adolphe
Déi sougenannt "Dubliner", also Männer, déi eleng reesen a schonn an engem anere Land eng Asyldemande gestallt hunn, ginn net méi automatesch zu Lëtzebuerg opgeholl.

Auswee aus der Logementskris?
Mat enger “nationaler Logementsreunioun” wëllt déi schwaarz-blo Regierung d’Wunnengsbaukris an de Grëff kréien. Wat ass vun där Reunioun ze erwaarden?

"Ech hu Kiew immens vermësst."
D’Yuliia, eng 30 Joer al Fra aus Kiew, huet viru véier Méint decidéiert, Lëtzebuerg an domat d‘Sécherheet ze verloossen an zeréckzegoen.

Hëllefsorganisatioune preparéiere sech fir 2024
Mat Bléck op dat lescht Joer warnen d'Hëllefsorganisatioune Caritas a Médécins sans Frontères am 100,7-Interview virun de weidere Suitte vum Klimawandel a Form vun Naturkatastrofen.

Ausblick op d'Sozialwahlen
Am Mäerz sinn iwwer 600.000 Employeen a Pensionären opgeruff, fir d’Membere vun de Personaldelegatiounen an de Betriber an déi 60 Vertrieder vun der Chambre des Salariés ze wielen.

Klima an Energieziler: Wou sti mir?
2023 ass den Ausbau vun den erneierbaren Energië virun allem am Beräich Wandrieder a Photovoltaik gutt virukomm. Trotzdeem bleiwen nach vill Efforten ze maachen, fir d'Ziler aus dem PNEC ze erreechen.

Réckbléck op d’Chamberwalen 2023
Mir kucken zeréck op den zweete grousse Rendez-vous vum Superwaljoer.

Réckbléck op d'Gemengewalen 2023
2023 war hei am Land e “Superwaljoer” mat de Chamberwalen am Oktober an de Gemengewalen am Juni.

Landwirtschaft a Wäibau: D'Wieder war en Challenge
En dréchent Fréijoer an duerno e vereente Summer hu Baueren a Wënzer dëst Joer virun Erausfuerderunge gestallt.

D'Mandy Minella am Portrait
Vum Tennis an d'Politik

"Et mécht engem Angscht, awer och Hoffung"
Dräi jonk Schüler aus dem Lycée Robert Schuman ware bei der Weltklimakonferenz zu Dubai mat derbäi. Si maachen de Bilan vun deem, wat si do erlieft hunn.

Wéi geet weider am Noen Osten?
Ass eigentlech een Enn vum Konflikt a Siicht a wéi kéint d’ Situatioun sech duerno weider entwéckelen?

Luc Frieden: Eischte Briefing nom Ministerrot
De neie Premier huet déi aktuell politesch Dossieren erklärt a kommentéiert
