Um drëtten Dag vum republikanesche Parteikongress koum den J.D. Vance fir d'éischt zu Wuert. Den Donald Trump hält seng grouss Ried haut an der Nuecht.
Eise Korrespondent Philip Crowther suivéiert fir eis de Parteidag vun de Republikaner zu Milwaukee a gëtt Explikatiounen.