Zapp ass eng amerikanesch Funk-Band, déi 1977 gegrënnt gouf. Si si virun allem bekannt fir hir innovativ Notzung vun der Talkbox an hir energesch Funk-Beats.
Zapp ass eng vun de meescht gesampelten Gruppen am Hiphop. Eleng hiren "Be Alright" gouf méi wéi 40 Mol benotzt. Dat bekanntst Beispill ass vläicht den 2Pac mat sengem "Keep Ya Head Up".