Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Smashing Pumpkins - Bullet With Butterfly Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sample vun der Woch

100komma7.lu / Sample vun der Woch

/ The Sylvers - Cry Of A Dreamer

The Sylvers - Cry Of A Dreamer

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

The Sylvers ass eng amerikanesch R&B- a Soul-Band, déi an den 1970er Jore berüümt gouf. D'Band besteet aus de Geschwëster Sylvers, déi zu Memphis, Tennessee opgewuess sinn. Hir Karriär gouf an dëser Zäit vu Familliebands wéi den Jackson 5 gepräägt, The Sylvers hunn awer hir eegen eenzegaarteg Stëmm an d'Museksgeschicht bruecht.


D'Geschwëster - Olympia, Leon, Charmaine, James, Edmund, Ricky, Angie, Pat a Foster - hunn zesummen als Kanner am Gospelchouer vun hirer Kierch ugefaangen ze sangen. Méi spéit hu si sech entscheet fir Pop a R&B opzehuelen.


Ufanks vun hirer professioneller Karriär hat d'Famill den Numm The Little Angels an ass um Fernsee opgetrueden. 1971 hu sech d'Sylvers fir Capitol Records entscheet an hir éischt Singelen an Albumen erausbruecht.


Hir éischt grouss Hitsingle war "Fool's Paradise" am Joer 1972. Awer de groussen Erfolleg koum 1976 mat "Boogie Fever", déi d’Nummer 1 op den US-Billboard-Charts erreecht huet. Dëst Lidd ass e perfekt Beispill vun der Disco-Ära an ass bis haut eng Ikon vun där Zäit.


D'Geschwëster sinn net nëmme bekannt fir hir klassesch Lidder, mee och fir hir dynamesch Büneshowen an éierlech Texter. Vill vun hinnen hunn net nëmme gesongen, mee och live Instrumenter gespillt.


Wéi d'Disco-Ära zu Enn goung, hu The Sylvers versicht hir Museksrichtung ze änneren a si méi an de Funk- a R&B-Beräich gaangen. Mëtt vun den 1980er Joren huet d'Band awer u Popularitéit verluer, obwuel si weider Musek produzéiert hunn.


Am Laf vun hirer Karriär, hunn déi eenzele Membere solo Projeten erausbruecht. Esou huet sech zum Beispill de Leon Sylvers als Produzent en Numm gemaach a mat Stare wéi Shalamar, Blackstreet an anere Kënschtler zesummegeschafft.


The Sylvers sinn haut nach eng Grupp, däer fir hiert Familjentalent geschätzt gëtt. Si hunn net nëmmen eng Mark an der Museksgeschicht hannerlooss, mee och déi kulturell Landschaft vun der 1970er Jore matgestalt.


Hiert Lidd "Cry Of A Dreamer", dat 1973 op hirem Album II erauskoum, gouf a leschter Zäit zimmlech dacks am Hiphop gesampelt, an zwar wéinst dem Beatmaker Madlib. Hien huet 2019 de Beat fir dem Freddie Gibbs säi "Palmolive" domat gebastelt.

Och de Berliner Rokko Weißensee probéiert sech um Sample a mécht doraus säin "Tischdecke" vun 2022.

An de Producer Nottz benotzt dee selwechte Sample a komponéiert domat "Until The End" fir d'Rapper Awar a Murs.

Episoden

Leon Haywood - I Want'a Do Something Freaky To You

Deen amerikanesche Funk- a Soul-Sänger, Keyboarder, Plackeproduzent a Songwriter ass besonnesch bekannt fir säi groussen Hit "I Want'a Do Something Freaky to You", en Dauerfavorit an der Funk- a Soul-Community.
headphones

9 min

play_arrow

Kid Dynamite - Uphill Peace Of Mind

Eng amerikanesch Soul- a Funkband aus den 1970er Joren, bekannt fir hiren eenzegen Hit "Uphill (Peace of Mind)". Den Drumbreak aus dësem Lidd gouf Dosende Mol am Hiphop gesampelt, vun Just Ice bis Rob Base.
headphones

8 min

play_arrow

Keni Burke - Risin' To The Top

En amerikanesche Sänger, Songwriter, Plackeproduzent a Multi-Instrumentalist. Hien ass besonnesch bekannt fir säin Hit "Risin' to the Top", deen erfollegräich vu villen Rap-Kënschtler gesampelt gouf.
headphones

12 min

play_arrow

Johnny Guitar Watson - Superman Lover

En extravagante Bluessänger, Gittarist a Songwriter aus de 70er Joren, deem säin Hit "Superman Lover" e grousse Following am Hiphop, besonnesch beim Redman huet ...
headphones

11 min

play_arrow

John Coltrane - My Favorite Things

Dee groussen Jazzmuseker huet eng bedeitend Roll an der Entwécklung vum Bebop, Hard Bop a Free Jazz gespillt. Seng Samples si ganz beléift beim Andre 3000.
headphones

19 min

play_arrow

Jacques Loussier - Pulsion

Dee renomméierte franséische Pianist a Komponist huet klassesch Musek an Jazz fusionéiert fir en eenzegaartege Mix ze kreéieren. Säi Sample huet zu engem Hit vum Eminem bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Jack Wilkins - Red Clay

Den Jack Wilkins ass en amerikaneschen Jazz-Gittarist, dee fir eng aussergewéinlech Technik bekannt ass. Hien huet eng laang a produktiv Karriär a gouf ënner anerem vun A Tribe Called Quest gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Idris Muhammad - Crab Apple

Deen amerikanesche Jazz- a Funk-Batteur ass besonnesch bekannt fir seng innovativ Spillweis a gouf vum Notorious BIG gesampelt.
headphones

11 min

play_arrow

Herb Alpert - Rise

Deen amerikaneschen Trompettist, Komponist a Museksproduzent huet mam Jerry Moss d'Plackefirma A&M Records gegrënnt. Seng Musek huet dozou bäigedroen ee vun de gréissten Hits am Rap ze produzéieren.
headphones

12 min

play_arrow

Gwen McCrae - 90% Of Me Is You

Eng amerikanesch Soul- a Funk-Sängerin, déi besonnesch an den 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Hir kräfteg Stëmm an hir leidenschaftlech Interpretatiounen hu si bei Hiphop-Produzente ganz beléift gemaach.
headphones

8 min

play_arrow

Grant Green - Down Here on the Ground

Deen amerikanesche Jazz-Gittarist ass besonnesch fir seng Aarbecht am Hard Bop, Soul Jazz a Bebop bekannt. Seng Fusioun vun den Elementer hunn hien zu enger beléifter Sample-Quell gemaach.
headphones

11 min

play_arrow

Grace Jones - My Jamaican Guy

Déi jamaikanesch-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin, Model a Performance-Kënschtlerin ass bekannt fir hir eenzegaarteg Stëmm, extravagant Bünenoptrëtter an hir faszinéierend Perséinlechkeet.
headphones

10 min

play_arrow

Gladys Knight and The Pips - The Way We Were/Try to Remember

Gladys Knight and The Pips ass eng amerikanesch Soul- a R&B-Grupp, déi besonnesch an den 1960er an 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Dës Motown-Band gouf erfollegräich am Nonzeger-Joren-Hiphop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Gene Chandler - Duke Of Earl

Deen amerikanesche Sänger, Songwriter a Museksproduzent ass am meeschte bekannt fir säi Lidd "Duke of Earl" . Säi Lidd leet de Grondstee fir der Cypress Hill hiren Hit "Hand on the Pumpgun".
headphones

6 min

play_arrow

Galt MacDermot - Space

E kanadesch-amerikanesche Komponist, Pianist a Museker, besonnesch bekannt fir seng Aarbecht am Musical "Hair", mee hien huet gläichzäiteg zu engem vun de gréissten Hits vum Busta Rhymes bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Fred Wesley and The J.B.'s - Blow Your Head

Eng legendär Funkband, déi an den 1970er gegrënnt gouf. Si waren en Deel vun der grousser James-Brown-Musekfamill a goufen dacks am Hip-hop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Donny Hathaway - Jealous Guy

Den Donny Hathaway war en amerikanesche Soul-Sänger, Pianist, Komponist a Produzent, dee seng Lidder passionéiert interpretéiert huet. Seng Samples hunn et bis an de Laptop vum Kanye West gepackt.
headphones

8 min

play_arrow

Dizzy Gillespie - Matrix

Den Dizzy Gillespie war en amerikanesche Jazz-Trompettist, Bandleader, Komponist a Sänger. Hien ass bekannt als ee vun de Pionéier vum Bebop a war ganz beléift bei verschiddenen Hiphop-Produzenten.
headphones

8 min

play_arrow

Cymande - The Message

Eng brittesch Funk- a Soulband, bekannt fir hir eenzegaarteg Mëschung aus Funk, Soul, Reggae, Jazz an afrikanescher Musek. Hir Musek gouf dacks gesampelt, dat bekanntst Beispill kënnt vun engem Rapper vu Paräis.
headphones

84 min

play_arrow