Den 18. Dezember waren et 40 Joer, datt deen däitschen Acteur Rudolf Platte gestuerwen ass. Deemools bei sengem Doud hu vill däitsch Zeitunge geschriwwen, datt mam Rudolf Platte wuel ee vun de leschte richtege Volleksschauspiller gestuerwe wier. De Rudolf Platte ass zu Dortmund, matten am Ruhrpott gebuer, mee goung ganz fréi op Berlin, wou hien zu engem ganz Grousse vun der Komedie gouf, e Schauspiller deen awer mat sengem melancholesche Muppebléck a sengem spezielle Gang ëmmer e bëssen traureg gewierkt huet. Mee genee dat koum beim Publique un, an dofir war de Rudolf Platte och ee vun de Stare vun den zwou Berliner Boulevardbünen Theater a Komödie am Kurfürstendamm. De Jean Claude Majerus erënnert un de Schauspiller, deem seng léifste Roll de Wilhelm Voigt, den Hauptmann von Köpenick war.
arrow_back_ios
Retromania
Rudolf Platte: Seng traureg Manéier war seng Komik
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Jeanne-Claude: Eng aussgewéinlech Open-Air-Artistin
Déi renomméiert Open-Air-Artistin a Partnerin vum Christo ass den 18. November 2009 viru 15 Joer zu New York am Alter vu 74 Joer gestuerwen.

Jukebox
De Museksapparat gouf virun 135 Joer an den USA erfonnt.

Dräi Schrëftsteller an dräimol 95 Joer
Viru 95 Joer koumen an enger Woch, bannent 3 Deeg, tëschent dem 9. an 12. November, 3 grouss Schrëftsteller op Welt: de Michael Ende, den Imre Kertesz an den Hans Magnus Enzensberger.

Henri Matisse: D'Faarf huet d'Haaptroll gespillt
Dee bedeitende franséische Moler ass den 3. November 1954 gestuerwen,viru 70 Joer deemno.
Paul Margue: En Historiker duerch an duerch
Den Historiker, Auteur a fréiere Chefredakter vum Geschichtsmagasin “Heemécht” Paul Margue ass de 27. Otkober 2019, viru 5 Joer, am Alter vu 96 Joer gestuerwen.

Doris Lessing: Den Nobelpräis, e verdammten Desaster
Déi brittesch Schrëftstellerin a Literaturnobelpräislaureatin vum 2007 Doris Lessing ass den 22 Oktober 1919 also virun 105 Joer gebuer ginn. A si ass de 17. November 2013 mat 94 Joer gestuerwen.

Leonard Cohen_ De Song-Poet mat der eenzegaarteger Stëmm
De Leonard Cohen hätt den 21 September dëst Joer 90 Joer kritt. De Leonard Cohen ass awer den 7 November 2016 am Alter vun 82 Joer gestuerwen.

Marcello Mastroianni: Seng Stäerkte ware Melancholie an Emotioun
De Marcello Mastroianni koum virun 100 Joer op d'Welt an ass 1996 am Alter vun 72 Joer gestuerwen.

Fernand Fox: "De Fern ass net méi do"
Den Acteur a Sänger Fernand Fox ass dës Woch am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

Caterina Valente: D'Ausnameartistin ass gestuerwen
D'Sängerin, Dänzerin, Gittaristin, Actrice an Entertainerin an enger Persoun ass den 9. September am Alter vun 93 Joer gestuerwen.

Willy Millowitsch: "E Kölsche Jung"
De Kölner Schauspiller, Sänger a Fuesgeck Willy Millowitsch ass virun 25 Joer am Alter vu 90 Joer gestuerwen.
Sophia Loren: Eng Diva kritt 90 Joer
Genee haut an enger Woch, den 20 September, feiert en italieenesche Weltstar, eng vun de leschte groussen Divaen hiren 90. Anniversaire: d’Sophia Loren.

Barry White: Erotik an der Stëmm
D’Soul-Legend Barry White ass de 4. Juli 2003 am Alter vun 58 Joer gestuerwen an haut (12.9.) hätt hien 80 Joer kritt.

Elia Kazan: En ëmstriddene Cineast
De 7. September gouf un dem amerikanesche Cineast Elia Kazan säin 115. Anniversaire geduecht. Gestuerwen ass hien den 28. September 2003 am Alter vu 94 Joer.

Helmut Rahn: Den Held vu Bern
De “Boss” Helmut Rahn hätt de 16. August dëst Joer 95 Joer kritt. Hien ass de 14. August 2003 no laanger Krankheet zwee Deeg viru sengem 75. Gebuertsdag zu Essen gestuerwen.

Joseph Conrad: Marin an Auteur
Dee polnesch-britteschen Auteur Joseph Conrad ass den 12. August 1924, viru ronn 100 Joer, zu Canterbury gestuerwen.
