Retromania
Germaine Damar: E Mënsch mat ganz vill Liewensfreed
10 min
Wa mir vu Lëtzebuerg a grousse Karriären an der Filmwelt schwätzen, da kënnt een net laanscht den Numm vun der Germaine Damar, der lëtzebuergescher Actrice, Dänzerin an Akrobatin.
Besonnesch am däitsche Film an do virun allem an de sëllegen Danzfilmer aus dem 1950er Jore wosst d‘Germaine Damar ze iwwerzeegen.
Mee wéi esou dacks koumt Léift mat an d‘Spill an d’Germaine Damar huet mat engem Amerikaner bestuet a lieft zanter 1964 zu Fort Lauderdale a Florida. Haut op den Dag (31.8.) kritt Germaine Damar 95 Joer.
De Jean Claude Majerus denkt un déi fréier Schauspillerin zeréck mat e puer Extraiten aus engem 100,7-Interview vun 2011, wéi si viru Joren zu Lëtzebuerg op Besuch war, bei Geleeënheet vun der Sortie vum Documentaire den Ament wou den Documentaire “Germaine Damar - Der tanzende Stern“.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus