Retromania
Mark Knopfler: E grousse Virtuos op der elektrescher Gittar
13 min
Mat den Dire Straits gouf dee brittesche Gittarist Mark Knopfler weltbekannt. Bal zwee Joerzéngte laang hat de Mark Knopfler e gellege Succès mat den Dire Straits, bei deenen hie virun allem fir déi musikalesch Kreativitéit responsabel war.
Hire gréissten Hit war a bleift “Sultans of Swing”, d’Single vum Debutalbum “Dire Straits” aus dem Joer 1978. Duerch dësen Titel kruten Dire Straits ganz séier hir international Renommée.
De Mark Knopfler huet no der Dire-Straits-Zäit als Solo-Artist weidergemaach. Et huet déi leschte Kéier awer 6 Joer gedauert, bis hien nees en neien Album erausbruecht huet: am Abrëll dëst Joer war de Knopfler nees do mat “One Deep River“, säin ëmmerhi schonn 10. Soloalbum.
De Mark Knopfler, ee vun de gréisste Virtuosen op der elektrescher Gittar, krut dëse Mount, den 12. August, 75 Joer.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus