Retromania
Francoise Hardy: Eng Ikon vun der franséischer Chanson
9 min
Am Juni dëst Joer war déi franséisch Musekswelt am Trauer: déi franséisch Sängerin Françoise Hardy ass den 11. Juni am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
Virun allem an den 1960er Joren hat d’Sängerin hire grouss Succès, mee och duerno war si mat hire Lidder a Frankräich beléift. Der Françoise Hardy hir Texter haten ëmmer vill Fong, deen eenzegen Ënnerscheed haut zu hirer Musek aus den 1960er si méi Popsynthesizerkläng.
D‘Françoise Hardy gehéiert zu de bekanntste franséischen Interpreten, si war eng Ikon vun der Chanson, a fir vill Leit war d’Françoise Hardy mat dat Bescht, wat déi franséisch Musekszeen ze bidden hat an huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus