Retromania
Leo Fender: De Papp vun der Stratocaster an Telecaster
D’Stratocaster, d’Telecaster an de Präzisiouns-Bass hunn de Leo Fender an der Welt vun de Gittaren onstierflech gemaach. De Stil vun den elektresche Fender-Gittaren ass robust an einfach gehalen, an trotzdeem sinn dës Gittare weltwäit déi populäersten. Bei Museker wéi Jimmy Hendrix oder Eric Clapton gehéiert eng Fender-Gittar zum gudden Equipement. Den 10. August dëst Joer waren et 115 Joer, datt de Leo Fender a Kalifornien op d’Welt koum. De Jean Claude Majerus erënnert un dëse geniale Gittarebauer, deen och haut nach d’Ae bei ville Gittaristen un d’Fonkele kritt.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus