Retromania
Konscht gouf ëmmer scho geklaut
14 min
Den 22. August 2004 goung et am Munch-Musée zu Oslo bal wéi an engem bëllege Gangsterfilm erof: Véirel op 11 moies stierme maskéiert Raiber de Konschtmusée, halen der Garde eng Pistoul un d’Stier, rappen déi zwee weltberüümten Tableauen “Der Schrei” an d’”Madonna” vum Edvard Munch vun der Mauer erof a maache sech mat engem schwaarzen Audi A6 aus dem Stëbs. Biller, déi eréischt am Joer 2006 erëmfonnt goufen an nees zeréck an de Musée op Oslo koumen. Et gouf och eng Zäit spekuléiert, datt déi zwee Tableauen, déi wéinst hirem Bekanntheetsgrad am Fong net verkaf kéinte ginn, zerstéiert goufen. Mee no engem Deal mat de Kriminelle sinn d’Biller wéi gesot zanter 2006 nees do.
Konscht gouf, gëtt a wäert och weider geklaut ginn. Fir Suen domadder ze maachen, aus Nostalgie oder vläicht just aus Léift zum Konschtobjet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus