Retromania
Alfred Hitchcock: De Meeschter vum Thriller
12 min
Wann ee vum “Master of Suspense” am Kino schwätzt, da kommen Iech bestëmmt e puer Nimm an de Kapp, an dorënner ganz bestëmmt och dee vum brittesche Realisateur a Produzent Alfred Hitchcock. En Hitchcock, deen et fäerdeg bruecht huet spannenden Divertissement mat héijer Kinoskonscht ze verbannen.
Den Hitchcock huet grad wéi aner Realisateure mat senge Wierker gehollef, wéi de François Truffaut sot, “eng Konscht net just ze praktizéieren, mee och ze verdéiwen”. Och wa Kritiker:innen de Wäert vu senge Filmer dacks net unerkannt hunn, gëtt den Hitch am Réckbléck awer vun de Cinephillen héich gelueft a ganz dacks als Referenz zitéiert, iwwerdeems seng Wierker beim Public nach ëmmer gutt ukommen.
Den Alfred Hitchcock koum den 13. August 1899, virun 125 Joer, op d’Welt.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus