Retromania
Déi legendär Abbey-Road-Foto vun de Beatles
13 min
Abbey Road ass en Numm, dee wuel déi meescht vun eis schonn iergend eng Kéier héieren hunn. Abbey Road steet, wéi den Numm et seet, natierlech fir eng Strooss am Londoner Quartier St John’s Wood. Abbey Road ass och d’Adress vun de renomméierten Opnamestudioe mam selwechten Numm an “Abbey Road“ ass den Titel vum 11. Album vun de Beatles, en Album, dee vun der Musekszeitung Rolling Stone op Plaz 14 vun der Lëscht vun de 500 beschte Rockmusek-Placke vun allen Zäite gesat gouf. An da steet den Numm vun der Strooss och nach fir eng Foto, déi den 8. August 1969, viru 55 Joer deemno, um Zeebrasträifen an der Abbey Road just virun de genannten Opnamestudioe gemaach gouf.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus