Retromania
Volker Lechtenbrink: Den Kënschtler mat der spezieller Stëmm
10 min
De Volker Lechtenbrink war e Kënschtler, dee säi ganzt Liewen an der Atmosphär vun de “schlëmmen” 1960er Jore gelieft huet. Hie war en Underdog, deen awer als Acteur grad wéi als Sänger ëmmer iwwerzeegt huet.
Beim Volker Lechtenbrink kann ee scho bal vun engem Allround-Genie schwätzen: hie war Schauspiller, Regisseur, Sänger, Synchronspriecher, Moderateur, Theaterintendant an och Auteur.
De Lechtenbrink huet e Buch geschriwwen, dat eng Mëschung aus Autobiographie, Erënnerungen a philosophesche Gedanken ass. Gëschter (18.8.) hätt den den Acteur a Sänger mat der spezieller Stëmm 80 Joer kritt. Hien ass den 22. November 2021 gestuerwen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus