Retromania
Robert Hall: En Deel vun der Woodstock-Geschicht
19 min
De Weekend vum 15., 16. a 17. August 1969 gouf, an dat ass hautdesdaags kloer, op deem Feld zu Bethel mam Woodstock Music and Art Festival Museksgeschicht, an iwwerhaapt Geschicht geschriwwen.
55 Joer sinn et schonn hier, datt fir e ganz Weekend 500.000 jonk Mënschen um Woodstock-Festival um Rendez-vous waren, eng Zuel, un déi keen deemools am Virfeld och nëmme fir eng Sekonn geduecht huet: de Wodostock-Festival huet all Erwaardunge vun den Organisateuren iwwertraff.
Den Amerikaner Robert Hall, deen zu Lëtzebuerg lieft, hat deemools 20 Joer, an hie war de Weekend 69 zu Bethel mat derbäi. De Jean Claude Majerus hat sech viru Jore mam Robert Hall iwwer de Woodstock-Festival ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus