Retromania
Woodstock-Festival: En Ausdrock vum Love and Peace-Mouvement
18 min
Viru 55 Joer, am Joer 1969, méi genee de 15., 16., 17. an 18. August 1969, gouf d’Mamm vun alle Rockfestivaller gebuer, de Woodstock-Festival oder d’Woodstock Music an Arts Fair, wéi de richtegen Numm war. Woodstock war awer net nëmmen e Museksfestival. Woodstock ass bis haut den Ausdrock vum Liewensgefill vum Love and Peace-Mouvement, e Symbol vum 68er Mouvement, e Mekka fir d’Blummekanner.
Eng hallef Millioun Leit hunn deemools um Woodstock-Festival op engem Feld no bei 4.000-Awunner-Duerf Bethel, eng 150 Kilometer vun New York City ewech, den Héichpunkt vun der Hippie-Epoch gefeiert.
Et spillt wuel ganz vill Nostalgie mat, wann een iwwer de Woodstock Festival schwätzt, en ass a war fir vill Mënschen den Héichpunkt vun enger eenzegaarteger Zäit.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus