Retromania
Emil Berliner: De Papp vun der Schellacks-Plack
7 min
Hautdesdaags schwätzt ee beim Musek lauschtere vu Streamen, Spotify, I-Pod, Mp-3-Statiounen, Internet, Computeren ...
CDen a CD-Playere si schonn al, a Kassette kennt bal kee méi.
Vinylsplacken a Plackespiller hate laang just e museale Charakter, mee se erliewen awer deels eng Renaissance.
Wa mir hei nach méi wäit zeréckginn a vu Schellack-Disken a Grammophone schwätzen, dann huet dat e gudde Grond.
Den 3. August waren et 95 Joer datt zu Washington de Emil Berliner gestuerwen ass, dee Mann, deen d’Schellackplack an de Grammophon erfonnt huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus