Retromania
Manson-Mäerderei: Synonym vum Béisen
8 min
Den Numm Charles Manson ass bis haut ee vu ville Synonymmer vun der däischterer Säit vun den USA.
Et sinn elo 55 Joer hier, datt de Psychopat a selwer-ernannte Sekteleader Charles Manson, Membere vu senger sougenannter “Manson-Family“ den Uerder ginn huet Mënschen op eng bestialesch Manéier dout ze maachen.
Dëse Charles Manson gouf zum Doud condamnéiert, mee well d’Doudesstrof a Kalifornien awer ofgeschaaft gouf, souz hie liewenslänglech am Prisong.
Allerdéngs war de Charles Manson keen einfache Prisonéier, esou schlëmm et och ass, de Charles Manson gouf zu enger däischterer Ikon vun der Popkultur.
Den 19. November 2014 ass de Manson, en extreem psychesch-gestéierte Mënsch a Mënschenhaasser, am Alter vun 83 Joer gestuerwen.
Am Quentin Tarantino sengem Film “Once Upon a Time in Hollywood” huet de Realisateur déi kommanditéiert Morde vum Charles Manson thematiséiert.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus