Retromania
Ronald Biggs: Vum Brigang zur Legend
7 min
Den 8. August 1963 geet als den Dag vu The Great Train Robbery an déi brittesch Geschicht an. Deen Dag hu 15 Brigangen de kinnekleche Postzuch vu Glasgow op London iwwerfall, an am Ganzen ëmgerechent 47 Milliounen Euro geklaut. Ee vun de Raiber vun deemools war de Ronald Biggs.
De Biggs gouf 1963 nawell séier nom Iwwerfall festgeholl, konnt awer bal grad esou séier nees aus dem Prisong fortlafen an huet et fäerdeg bruecht sech 36 Joer laang virun der brittescher Police ze verstoppen.
2001 koum de Biggs fräiwëlleg zeréck an England a koum an de Prisong. De 6. August 2009, 2 Deeg viru sengem 80. Gebuertsdag, koum de Ronnie Biigs erëm fräi, well hien doudkrank war. Den 18. Dezember 2013 ass hie gestuerwen. Haut op den Dag (8.8.) hätt hie 95 Joer kritt.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus