Retromania
Colette: Eng fräi an emanzipéiert Schrëftstellerin
13 min
Den 3. August, viru 4 Deeg, waren et 70 Joer, datt eng vun de gréisste Schrëftstellerinne vum 20. Joerhonnert gestuerwen ass: d’Colette, oder besser Sidonie Gabrielle Colette, huet vun 1873 bis 1954 gelieft. Si gehéiert deemno zur selwechter Generatioun wéi ënner anerem de Marcel Proust, André Gide, Paul Valéry oder Paul Claudel. De Marcel Proust sot, Colette ze liesen hätt en därmoosse beréiert, datt en dobäi gekrasch huet. D’Schrëftstellerin, déi als ee skandaléise Personnage ugesi gouf, huet schonn, éier d’Unerkennung fir hiert literarescht Wierk koum, mat 20 Joer ënner dem Drock vun hirem deemolege Mann, ugefaange mat schreiwen. Si huet duerno ni méi opgehale bis et am héijen Alter, wéinst hirer Arthritt, net méi goung.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus