Retromania
Henri Cartier-Bresson: E grousse Fotograf vum 20. Joerhonnert
7 min
Hie war ee vun de beschten a renomméiertste Fotografe vum 20. Joerhonnert, de Fransous Henri Cartier-Bresson.
Hien ass den 3. August 2004, virun 20 Joer, a sengem Haus zu Isle-sur-Sorgue, net wäit vu Marseille ewech, am Alter vu 95 Joer gestuerwen.
De Foto-Kënschtler war schonn zu Liefzäiten eng Legend, hie war en aussergewéinlechen Pressefotograf a Matgrënner vun der Fotosagence Magnum.
Den Henri Cartier Bresson war méi wéi just nëmme Fotograf, hien ass de Papp vun enger figurativer Technik, déi Konscht war. De Cartier Bresson huet senge Fotoen d’Force vun engem Meeschtertableau ginn. D’Luucht, Linnen an d’Emotioun vun de Formen, déi hien am fotografesche Rechteck agefaangen huet, weisen Déift a Gefill.
D’Foto, esou sot de Cartier Bresson emol selwer, war fir hien d’Spontanitéit fir visuell den Ament an d’Éiwegkeet festzehalen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus