Retromania
Wes Craven: De Horror-Spezialist
7 min
“A Nightmare on Elmstreet”, “The Hills have Eyes”, “The Twilight Zone” oder “Scream” sinn d’Titele vun Horrorfilmer, déi, wann ee se héiert oder liest, bei deem enge Kapprësele provozéieren, bei aneren eng Héngerhaut an Angscht ausléisen, a bei nach aneren d’Häerz glucksen doen.
Fir dës Filmer steet een Numm, an zwar dee vum amerikanesche Cineast, Acteur a Zenarist Wes Craven.
Dës Filmer hunn aus dem Craven wuel dee renomméiertste Cineast am Horror-Genre gemaach, a seng Realisatiounen hunn ouni Zweiwel den Horror-Film markéiert, wann net esouguer revolutionéiert.
De Wes Craven géif haut op den Dag 85 Joer kréien, hien ass den 30. August 2015 gestuerwen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus