Retromania
Oskar Negt: E fräien a kritesche Geescht
7 min
De Soziolog a Philosoph Oskar Negt huet zu enger Zort Mënsch gehéiert, dee sech mat aller Kraaft fir eng Cause agesat huet.
Den Oskar Negt war eng Zort Porte-Parole vun der 68er-Generatioun, hie war ee vun den theoreetesche Käpp vun der SDS, dem sozialisteschen däitsche Studentebond, an hie war ee vun de Fondateure vun der Glockensee-Schoul zu Hannover, enger alternativ-pädagogescher Gesamtschoul, déi ganz an der Traditioun vun der däitscher Reformpädagogik steet.
Virun allem awer ass den Oskar Negt och en Denker, dee seng Gedanke verbaliséiert huet, wéi ënner anerem mat senger Kritik um Guru vun der däitscher Sozialphilosophie Jürgen Habermas.
Den Oskar Negt géif den 1. August 90 Joer kréien, hien ass awer den 2. Februar 2024 gestuerwen.
De Jean Claude Majerus stellt mam Oskar Negt déi Kéier e Mënsch an de Mëttelpunkt, deen ëmmer eppes ze soen hat a sech mat all senge Méiglechkeete fir Demokratie agesat huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus